Weider hunn d'Chiefs d'Dolphins an d'Texans d'Browns iwwerrannt, d'Lions hu sech géint d'Rams duerchgesat an d'Bills hate wéineg Problemer mat de Steelers.

Den Optakt vun dëser Playoff-Ronn hunn d'Browns bei den Texans gemaach. Mam Joe Flacco stoung bei de Gäscht den eelste Quarterback an dëse Playoffs um Terrain, wärend bei den Texans mam Stroud e Rookie d'Soen hat. An de Stroud hat e ganz gudden Dag erwëscht. 16 vun 21 Passen huet hien un de Mann bruecht, dat fir 274 Yards an 3 Touchdowns. De Flacco dogéint huet 34 vu 46 Bäll ubruecht, dat fir 207 Yards, een Touchdown an zwou Intereptions. Eleng dës Zuele weisen e bëssen, wéi de Match verlaf ass. Dobäi waren d'Browns zu engem Ament am zweete Véierel nach 14:10 am Avantage, hunn awer am Recht vum Match keng Punkte méi op d'Tafel bruecht, wärend d'Texans reegelméisseg an der Endzone ukoumen. Esou wënnt d'Ekipp aus Houston kloer mat 45:14 doheem.

Den zweete Match vum Samschdeg gouf et tëscht den Dolphins an den Chiefs. Am Stadion zu Kansas City goufe -21 Grad Celsius gemooss, esou datt ville Supporter, esou gesäit een et an de soziale Medien, de Béier an der Fläsch gefuer ass oder dem Patrick Mahomes säin Helm duerch d'Keelt an e Kontakt gebrach war. D'Ekipp aus dem waarme Miami a Florida hat dowéinst et och net just mat engem vun de beschte Quarterbacks an der Liga ze dinn, mä hat och seng Problemer mat den Temperaturen. Just eng Kéier hu si et wärend de 60 Minutten an d'Endzone gepackt, wärend Kansas City ëmmer nees dräi oder siwe Punkten op d'Tafel krut. Esou bleift d'26:7-Victoire am kale Kansas City bei der Heemekipp.

D'Cowboys koumen als zweetstäerkst Ekipp an der NFC an d'Playoffs a ware wuel den däitleche Favorit géint d'Packers, déi et esou just um leschte Spilldag gepackt hunn. Ma dee jéngste Kader aus der Liga hat beim Auswäertsmatch näischt ze verléieren an esou si si an hire Rookie-Quarterback Love och opgetrueden. An der éischter Hallschent hate si d'Offensiv-Maschinn vun Dallas quasi ofgemellt, hinnen ass just een Touchdown gelongen, a si selwer hate 27 Punkten op d'Tafel bruecht. Am drëtte Quarter hunn d'Cowboys zwar méi Punkte gemaach, wéi an den zwee Véierele virdrun, an awer konnten d'Packers hire Virsprong nach liicht ausbauen. Déi 16 Punkte vun de Cowboys an de leschte 15 Minutte sinn awer net duergaangen, fir d'32:48-Néierlag géint d'Packers ze verhënneren. D'Packers sinn iwwregens déi eenzeg Ekipp, déi an dëser Ronn vun de Playoffs auswäerts gewanne konnt.

Eng ganz knapp Geschicht gouf et tëscht de Rams an de Lions. Kuriéis bei dëser Partie war, datt d'Quarterbacke vu béiden Ekippe virdru beim Géigner ënner Vertrag stoungen an am Kader vun engem Trade d'Ekippe gewiesselt hunn. Vun Ufank u waren d'Lions ënnert dem Jarred Goff a Féierung, maximal Virsprong hate si beim 14:3, ma d'Rams hu se net wierklech fortkomme gelooss. De leschte Véierel huet mat engem Réckstand fir d'Gäscht vu véier Punkten ugefaangen. Mat nach eppes iwwer 8 Minutten op der Auer sinn d'Rams op 23:24 bäikommen. Hir Defense huet dono standgehalen an esou hate si d'Méiglechkeet, d'Partie nach ze dréinen. Ma och d'Verdeedegung vun der Heemekipp huet déi lescht Minutten nach eng Schëpp dropgeluecht a verhënnert, datt de Rams nach iergendee Punkt gelénge konnt, fir d'Partie nach ze dréinen. Esou wannen d'Lions no 32 Joer déi éischte Kéier nees e Playoffmatch.

Net dat beschte Football-Wieder gouf et zu Buffalo. E Sonndeg louch esouvill Schéin, datt et et net méiglech war, den Terrain fir d'Partie prett ze kréien, esou datt de Match huet missten op e Méindeg den Owend verréckelt ginn. Dëst huet de Bills awer net vill geschuet, well schonn am éischte Véierel konnte si sech e 14:0 Avantage erausspillen, wat si esouguer nach op 21:0 erhéije konnten. De Steelers ass dono den éischten Touchdown gelongen, ma wierklech zeréck sollt d'Ekipp aus Pittsburgh net méi an dës Partie kommen. Déi 14 Punkte Virsprong, déi d'Bills am éischte Véierel erausgespillt haten, sollte si bis zum Schluss behale kënnen, esou datt si sech zimmlech kloer mat 31:17 duerchsetze konnten.

Mat 11 Victoiren a sechs Néierlagen, dovunner 5 aus de leschte sechs Partien, sinn d'Eagles zwar mat der Ekipp mam bessere Rekord op Tampa gereest, d'Bucs dogéint haten awer de besser Laf aus de leschte Matcher. D'Eagles haten u sech an dëser Partie just ee gudde Véierel, dat war deen zweeten, dee si mat 9:6 géint d'Bucs gewonnen hunn. Déi aner dräi Quarter sinn awer kloer (10:0, 9:0 a 7:0) un d'Heemekipp gaangen, déi sech domadder e bëssen iwwerraschend esou kloer géint d'Ekipp aus Philadelphia duerchgesat hunn. De Baker Mayfield vun de Buccaneers ass iwwregens deen éischte Quarterback an der Geschicht vum Veräin, deen ë.a. mam Tom Brady de Superbowl gewonnen huet, deen et fäerdeg bruecht huet, an engem Playoffmatch fir iwwer 300 Yards a fir 3 Touchdowns ze geheien.

D'Matcher vun der Divisional Round

Als bescht Ekipp aus der NFC haten d'San Francisco 49ers dës Ronn spillfräi. Si treffen doheem op déi Ekipp mat der schwaachster Plazéierung aus de Playoffs. Dat wieren d'Green Bay Packers, déi sech als siwent a leschten Ekipp fir d'Playoffs qualifizéiert hunn. Déi véiert placéiert Tampa Bay Buccaneers musse bei den Drëttplazéierte op Detroit bei d'Lions reesen.

An der AFC haten d'Baltimore Ravens spillfräi um éischte Spilldag a kréien et elo doheem mat den Texans aus Houston, déi als Véiert an d'Playoffs koumen, ze dinn. D'Bills vu Buffalo dogéint hunn en Heemmatch géint d'Kansas City Chiefs.

D'Resultater am Iwwerbléck

RTL

Wann d'Gemidder sech wärend dem Sport erhëtzen, komme wuel net jidderengem -21 Grad Celsius d'Selwecht vir... / © Photo by JAMIE SQUIRE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Cleveland Browns - Houston Texans 14:45
Miami Dolphins - Kansas City Chiefs 7:26
Green Bay Packers - Dallas Cowboys 48:32
Los Angeles Rams - Detroit Lions 23:24
Pittsburgh  Steelers - Buffalo Bills 17:31
Philadelphia Eagles - Tampa Bay Buccaneers 9:32