Lëtzebuerg no 27:35-Néierlag géint Israel eliminéiert

© Serge Olmo
No der 31:28-Victoire den Dag virdrun verléieren d'Rout Léiwe mat enger Differenz vun 8 Goler a sinn domat eliminéiert.
An engem Match, dee schonn an der 46. Minutt decidéiert war, verléiert Lëtzebuerg um Enn kloer mat 27:35 géint Israel. Trotz der Victoire aus dem éischte Match (31:28) ass et fir d'Ekipp vum Trainer Maik Handschke deemno net duergaangen, fir sech fir déi nächst Ronn vun der Qualifikatiounsphas fir d'Weltmeeschterschaft 2025 a Kroatien, Dänemark an Norwegen ze qualifizéieren.
De Match war am Ufank ganz serréiert. Lëtzebuerg war besser wéi um Virdag an de Match komm a konnt de Match bis zur 9. Minutt ausgeglach gestalten. Duerch en 3:0-Laf konnten d'Rout Léiwe sech tëschenzäitlech ofsetzen, mee Israel huet net labber gelooss a konnt an der 25. Minutt nees gläichstellen (14:14).
No 30 Minutte stoung et 16:15 fir Lëtzebuerg, woubäi eleng 13 Goler op de Kont vum Yann Hoffmann (7 Goler) a vum Loic Kaysen (6) goungen. Béid Spiller sollten och um Enn déi meescht Goler fir hir Ekipp markéieren (Kaysen 9, Hoffmann 8).
Israel war mat engem 6:1-Laf an déi zweet Hallschent gestart, och duerch vill technesch Feeler op der Lëtzebuerger Säit bedéngt, an hat de Match domat zu senge Gonschte gedréint.
Och am weidere Verlaf ass de Lëtzebuerger Ugrëff net méi géint déi elo kompakt stoend israeelesch Defense ukomm an de Virsprong vun den Israeeli ass bis op 7 Goler ugewuess. Domat war de Match an der 46. Minutt quasi schonn decidéiert.
An der Schlussphas huet Israel näischt méi ubrenne gelooss an de sécheren Ecart vu 6 Goler gehalen. Um Enn stoung e Score vu 35:27, woumat Israel d'Differenz aus dem éischte Match iwwertrëfft an an der nächster Ronn vun der Qualifikatiounsphas steet.