Lëtzebuerg wënnt 1. Match géint Israel

© RTL / Serge Olmo
D'Rout Léiwe maachen en éischte wichtege Schratt Richtung nächst Qualifikatiounsphas fir d'Weltmeeschterschaft 2025.
Am éischte Match an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2025 geet Lëtzebuerg mat 31:28 als Gewënner vum Terrain. Dobäi dierft och de positiven Ausgang vum Match géint Lettland e Sonndeg eng Roll gespillt hunn.
No enger schwaacher Ufanksphas vun de Roude Léiwen huet den Trainer Maik Handschke no enger knapper Véierelstonn beim Stand vu 5:9 aus Lëtzebuerger Siicht en Time-Out geholl. Duerno ass de Ball besser dréine gelooss ginn a Lëtzebuerg konnt sech nees eruschaffen.
De Mika Herrmann, dee vun der 17. Minutt un am Gol stoung, konnt Lëtzebuerg mat enger Rei flotte Paraden am Match halen a vir hunn de Loic Kaysen an de Lé Biel de Ball am Filet ënnerbruecht. Israel konnt mat der leschter Aktioun an den éischten 30 Minutten nach de 15:14 markéieren.
No der Paus hunn d'Rout Léiwen hir Leeschtungssteigerung confirméiert a konnten an der 41. Minutt duerch de Yann Hoffmann eng éischt Kéier a Féierung goen. D'Ekipp ronderëm de Kapitän Ben Weyer huet sech duerno eng maximal Avance vu 5 Goler erausgespillt. Doropshin huet den israeeleschen Trainer eng Auszäit geholl an Israel war an der 56. Minutt nees op 1 Gol drun.
An der entscheedender Phas huet Lëtzebuerg déi néideg Serenitéit gewisen an de Match um Enn mat 31:28 fir sech entscheet.
Viru just 460 Spectateure waren de Yann Hoffmann an de Mika Herrmann d'Spiller, déi erausgestach hunn. De Bierchemer Feldspiller huet 10 Goler bäigesteiert an den Diddelenger Golkipp huet mat 14 Arrêten zur Victoire bäigedroen. Dobäi koum nach eng staark Aarbecht an der Defense an der zweeter Hallschent.
En Donneschdeg steet schonn den zweete Match um Programm. Och dee kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren. D'Matcher, déi eigentlech fir Oktober ugesat waren, hu misse wéinst der deemools onsécherer Situatioun an Israel verluecht ginn.