Olivier Thill mat Virlag an der Tierkei
© Val Wagner (Archiv)
An der 2. tierkescher Liga huet de Mëttelfeldspiller souverän gewonnen an de wichtegen éischte Gol virbereet. Fir de Vincent Thill gouf et ee Remis.
Den Olivier Thill huet mat Sanliurfaspor 4:0 géint Adanaspor gewonnen. De Mëttelfeldspiller stoung vun Ufank un um Terrain an huet an der 20. Minutt de wichtegen 1:0 virbereet. An da 71. Minutt gouf hie beim Stand vun 2:0 ausgewiesselt. Duerch déi 3 Punkten steet Sanliurfaspor net méi op enger Ofstigsplaz. De Gerson Rodrigues stoung an der ieweschter Divisioun an der Tierkei beim 2:2 vu Sivasspor géint Gaziantep net am Kader.
De Vincent Thill huet am Aserbaidjan mat Sabah Baku géint Neftçi Baku 0:0 gläich gespillt. De Lëtzebuerger gouf an der 79. Minutt ausgewiesselt. An der Tabell läit Sabah den Ament op der 7. Plaz.
An der 2. Bundesliga huet Magdeburg 1:0 géint Wehen Wiesbaden gewonnen. Den Eldin Dzogovic stoung awer net am Kader.
Den Anthony Moris huet d'2:1-Victoire vun der Union St.-Gilloise géint St.-Tron och vun der Tribün aus gesinn. De Golkipp ass den Ament wéinst enger rouder Kaart gespaart.
Samschdeg
De Laurent Jans verléiert an der 3. Liga an Däitschland mat Waldhof Mannheim auswäerts zu Lübeck mat 1:2. Laang huet et dono ausgesi wéi wa Mannheim de Match kéint gewannen, verléiert um Enn awer no enger hektescher Schlussphase an no zwee spéide Goler vum Velasco mat 1:2. Domat sti béid Ekippen elo bei 20 Punkten.
An der zweeter däitscher Bundesliga ka St. Pauli seng 1. Plaz an der Tabell duerch eng 2:0-Victoire géint Kaiserslautern verdeedegen. Den Danel Sinani souz bei Pauli 90 Minutten op der Bänk.
Iwwerdeems ass den SV Elversberg mam Lëtzebuerger Co. Trainer Raphael Duarte trotz 2:1-Féierung net iwwert een 2:2 géint Hannover eraus komm. Elversberg verpasst et domat an der Tabell laanscht Hannover ze zeien. Aktuell steet een do op der 10. Plaz.
An der 1. Bundesliga stoung de Mathias Olesen bei der 0:4-Defaite vu Köln géint Dortmund net am Kader.
An der 1. hollännescher Liga huet NEC Nijmegen 1:0 géint Twente gewonnen, déi den Ament op der 3. Plaz an der Tabell sinn. Den Yvandro Borges gouf an der 80. Minutt agewiesselt an huet dozou bäigedroen, d'Victoire ofzesécheren. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller läit no 18 Spilldeeg op der gudder 7. Plaz.