An der Finall vun den Dammen zu Melbourne stounge sech d'Chineesin Quinwen Zhang an d'Belarussin Aryna Sablenka géintiwwer.

D'Osteuropäerin huet d'Partie dominéiert. Den éischte Saz konnt si mat 6:3 fir sech decidéieren an och am zweete Saz huet déi aktuell Nummer 2 op der Welt hirer Géignerin quasi keng Chance gelooss. Dëse konnt si mat 6:2 fir sech entscheeden a séchert sech esou hir zweet Grand-Slam-Victoire. D'Aryna Sabalenka konnt sech schonn dat lescht Joer zu Melbourne duerchsetzen.

Bei de Männer sti sech de Jannik Sinner aus Italien an de Russ Daniil Medwedew géintiwwer. Dës Finall gëtt e Sonndeg de Moie géint 9.30 Auer eiser Zäit gespillt.