Luka Doncic markéiert 73 Punkten

© AFP
An der amerikanescher Basketballliga huet de Luka Doncic vun den Dallas Mavericks an der Nuecht op e Samschden eng historesch Leeschtung ofgeliwwert.
De 24 Joer ale Sloween huet bei der 148:143-Victoire vun den Dallas Mavericks géint d'Atlanta Hawks 73 Punkte markéiert, donieft huet hien 10 Rebounds a 7 Assists zur Victoire vu senger Ekipp bäigesteiert. Hien huet 25 Kierf getraff, dorënner 8 Dräier a 15 Fräiwërf bei 16 Versich getraff.
An der Ranglëscht vu perséinleche Beschtwäerter steet den Doncic domat op der 4. Plaz, nëmmen de Wilt Chamberlain (100 Punkten a 78 Punkten) souwéi de Kobe Bryant (81 Punkten) hunn an engem Match méi Punkte markéiert wéi den Doncic.
Dës historesch Leeschtung koum nëmme 5 Deeg nodeems de Joel Embiid vun de Philadelphia 76ers 70 Punkte markéiere konnt. Insgesamt hunn nëmmen 10 verschidde Spiller an der Geschicht vun der Liga 70 Punkten oder méi markéiert.