Donieft huet och nach d'Lëtzebuerger 4Nages-Staffel mat Frippiat, Banky, Allar a Fabiani sech Sëlwer geséchert.

Nieft Brasse trainéiert de Finalist vun der Juniorweltmeeschterschaft och d'Disziplin 4Nages iwwer 200 Meter. Dat wossten déi wéinegst, soudass dem Finn Kemp seng Qualifikatioun fir d'A-Finall fir vill Leit eng déck Iwwerraschung war.

No 100 Meter louch hien op der 9. Positioun, ma du koum mat der Brasse seng Spezialdisziplin. Um Enn huet hien et op déi 2. Plaz gepackt an ass domat den eenzege Lëtzebuerger, dee bei dëser Editioun vum Euro Meet an den Eenzelcourssen op de Podium komm ass. Schonn um Samschdeg hat hien de Podium iwwer 200 Meter Brasse nëmmen ëm e puer Honnertstel verpasst.

De Remy Fabiani huet an der B-Finall iwwer 100 Meter Crawl Konstanz a senger Leeschtung gewisen. No enger ganzer Rei vun Ëmstellungen, déi hien an der Perspektiv vun enger méiglecher Olympia-Qualifikatioun virgeholl huet, ass hien op déi 4. Plaz komm.

Wat d'Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller betrëfft, däerf een de Ralph Daleiden net aus den Aen verléieren. De Crawl-Spezialist huet et allerdéngs virgezunn, Kompetitiounen an den USA ze schwammen.

Bei den Damme stécht virun allem dem Maud Allar säin nationale Rekord op de 50 Meter Brasse eraus, ma och d'Performance vu ganz jonke Schwëmmerinne wéi dem Leeloo Reinesch soll ervirgestrach ginn.

Fir de feierlechen Ofschloss an der Coque huet d'Lëtzebuergerstaffel 4Nages-Staffel gesuergt. Mat enger Zäit vu 4'04''42 Minutten huet ee sech Sëlwer geséchert.

D'Resultater vum éischten a vum zweeten Dag fannt Dir iwwerdeems an eisen Artikelen.

All d'Resultater vum drëtten a leschten Dag fannt Dir hei.

Weltelite iwwerzeegt beim Euro Meet
Och bei der 24. Editioun war den Niveau nees ganz héich.

Weider Impressioune vum CMCM Euro Meet