Real nees u Spëtzt vu La Liga, Man United wënnt a verréckter Schlussphas

© Photo by Pierre-Philippe MARCOU / AFP
Weider gouf et an England kee Gewënner tëscht West Ham a Bournemouth.
Premier League
West Ham United - AFC Bournemouth 1:1
0:1 Solanke (3'), 1:1 Ward-Prowse (61',p)
D'Gäscht haten e perfekte Start an d'Partie higeluecht a si schonn no 3 Minutten duerch de Solanke a Féierung gaangen. Si hate vun engem Feeler an der Defense profitéiert, hunn awer de VAR missten ofwaarden, fir sech feieren ze kënnen. Gréisser Chancë gouf et an der éischter Hallschent dunn awer manner, eenzeg bei engem Schoss vum Semenyo konnt de Golkipp vu West Ham no 40 Minutte säin Talent beweisen. No 59 Minutte du gouf et kriddeleg Zeen am Strofraum vu Bournemouth, wéi e Spiller vu West Ham gefall ass. No engem Bléck op de Bildschierm huet den Arbitter op de Punkt gewisen. Dës Chance huet den Ward-Prowse sech net huele gelooss an den Ausgläich markéiert. Bei dësem 1:1 sollt et dann och bleiwen..
Wolverhampton Wanderers - Manchester United 3:4
0:1 Rashford (5'), 0:2 Hojlund (22'), 1:2 Sarabia (71',p), 1:3 McTominay (75'), 2:3 Kilman (85'), 3:3 Neto (90'+5), 3:4 Mainoo (90'+7)
D'Partie tëscht Wolverhamtpon a Manchester hätt een no 22 Minutte bal kéinten als "ofgeschloss" betruechten. Well zu deem Ament waren d'Gäscht schonn 2:0 am Avantage, dat duerch de Rashford an de Hojlund. Ma d'Heemekipp wollt sech net geschloe ginn a koum no iwwer 70 Minutten nees zeréck, nodeem den Arbitter mat Hëllef vum VAR hinnen en Eelefmeter ginn huet. Och d'Reaktioun vu Manchester, déi kuerz drop nees den Ecart op zwee Goler geschrauft hunn, huet d'Wolves net schockéiert. Si koume 5 Minutte virum Enn vun der regulärer Spillzäit eng weider Kéier duerch de Kilman zeréck. Déi rechtlech 17 Minutten, jo et gouf eng ganz laang Nospillzäit, hunn also versprach, nach ganz spannend ze ginn. A si hunn och net enttäuscht. An der 95. Minutt huet den Neto den Ausgläich fir d'Wolves markéiert, just fir datt d'Fans vu United zwou Minutten drop nees jubele konnten, well de Mainoo seng Ekipp eng weider Kéier a Féierung bruecht huet. An de leschte 5 Minutte vun der Nospillzäit ass dann awer kee Gol méi gefall.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
La Liga
FC Getafe - Real Madrid 0:2
0:1 Joselu (14'), 0:2 Joselu (56')
A Spuenien kämpfe Real a Girona aktuell ëm déi éischte Plaz an der Tabelle. Mat den dräi Punkte géint Getafe konnte sech déi Kinneklech elo nees un d'Spëtzt setzen, mat 57 Punkten an zwee Avance op Girona. Real hat däitlech méi gutt Chancen, wéi d'Heemekipp, ma et war "just" de Joselu, dee vu senge Schëss konnt profitéieren a seng Ekipp schonn no 14 Minutte a Féierung konnt bréngen an no 56 Minutten d'Avance ausgebaut huet. Real hat zwar déi besser an och méi Méiglechkeeten, Getafe war awer och zwee Mol ganz no drun, ze markéieren, ma Greenwood a Mayoral haten zwee Mol just de Potto getraff.