Déi véiert Véierelsfinall tëscht Saarbrécken a Borussia Mönchengladbach ass e Mëttwoch den Owend ofgesot ginn, well den Terrain wéinst Reen onspillbar ass.

Et hat de ganzen Dag staark gereent. Et war versicht ginn, den Terrain dréchen ze maachen, mee ouni Erfolleg. Wie vu béiden Ekippen an d'Halleffinall kënnt, gëtt also réischt méi spéit ermëttelt.