Wie gewënnt de Super Bowl 2024?

© Photo by Ethan Miller / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg kréien et d’Kansas City Chiefs am 58. Super Bowl zu Las Vegas mat de San Francisco 49ers ze dinn.
Um Terrain
Et ass de Remake vun der Finall viru 4 Joer. Deemools hu sech d’49ers 20:31 géint d’Chiefs misse geschloe ginn. Et war deen éischte Super-Bowl-Gewënn fir Mahomes, Kelce a Co.. D’lescht Joer ass ee weidere Rank dobäi komm, dëst Joer soll dann den Titel verdeedegt ginn. Fir San Francisco wier et deen éischte Succès zanter ronn 30 Joer.
Fir d’Ekipp vum Patrick Mahomes ass et déi 3. Participatioun um Super Bowl zanter 2020. Mat ënner anerem hirem Quarterback Patrick Mahomes, hirem Tight End Travis Kelce an dem Running-Back Isiah Pacheco hunn d’Chiefs offensiv eng enorm individuell Qualitéit. Mä och hir Defense huet net fir d’lescht an der Conference Finals vun der American Football Conference (AFC) géint d’Baltimore Ravens gewisen, datt den Head-Coach Andy Reid sech voll a ganz op si verloosse kann, och wann dës Saison net alles perfekt gelaf ass. Dozou den RTL-American-Football-Expert Paul Zahlen.
"Si haten dëst Joer een Tick méi Krämpes wéi déi Jore virdrun. Si hunn immens Problemer an der O-Line. Trotzdeem denken ech, datt Kansas City och rëm ganz staark an der Offense wäert sinn. E grousse Schratt no Vir hu si am defensive Beräich gemaach. Si hu sech mat gudde Rookies a Free Agents verstäerkt a sinn doduerch gutt a konstant op héijem Niveau.”
Als beschten Ekipp aus der National Football Conference (NFC) hu sech d’San Francisco 49ers fir de Super Bowl qualifizéiert. D’Ekipp vum Trainer Kyle Shanahan huet déi beschten Offense vun dëser Saison. Duerch d’Spiller wéi d’Receiver Aiyuk an Deebo Samuel, wéi och de Running-Back Christian McCaffey an den Tight End George Kittle sinn d’49ers offensiv flexibel a schwéier auszerechnen. D'Iwwerraschung vun der leschter Saison war de Quarterback Brock Purdy, dee seng Prestatiounen dëst Joer confirméiere konnt.
“Dat war eppes, wat déi meescht Leit net esou um Schierm haten. Zwar mat e puer Héichten an Déiften, wat awer normal fir ee jonke Quarterback ass. Déi gréisste Stäerkt vun de 49ers ass hir Defense. Donieft hu si ganz flexibel ugepasste Spillsystemer, déi een Tick besser ugepasst si wéi bei aneren Ekippen.”
Halftime-Show

© Photo by Ethan Miller / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Nom Rihanna d’lescht Joer wäert dës Joer den Usher an der Halftime-Show optrieden. De R&B-Sänger war schonn 2011 mat dobäi, dat deemools als Co-Act bei de Black Eyes Peas. Mat 65 Millioune verkaaften Albumen ass de 45 Joer jonken Amerikaner momentan deen erfollegräichste R&B-Sänger iwwerhaapt. Bekannt ass hien duerch Lidder wéi “U Remind Me”, “You Make Me Wanna” oder och “Yeah”.
Déi amerikanesch Nationalhymne virum Match gëtt iwwregens vun der Country-Sänergin Reba McEntire an d’Lidd “America the Beautiful” vum Post Malone gesongen. D’Soul-Sängerin Andra Dray soll dann och nach “Lift Every Voice and Sing” presentéieren.
Taylor Swift
Mä och d’Swifties kéinte sech eventuell iwwert een Optrëtt vum Taylor Swift freeën. Zwar net um Terrain, mä op der Tribün. Nach ass zwar net ganz kloer, ob d’Partnerin vum Kansas City Chiefs Tight End Travis Kelce wäert mat Zäit am Stadion zu Las Vegas sinn. D’Sängerin huet nämlech nach den Dag virdrun ee Concert zu Tokio.
RTL-News: Wäert den "Taylor-Swift-Effekt" och virum Super Bowl keen Halt maachen?
Wéini geet et lass?
Gëtt et deen drëtten Rank fir Mahomes, Kelce a Co? Oder kënne sech d'49ers iwwert deen éischten Titel zanter ronn 30 Joer freeën? D'Äntwert dorop kréien mir an der Nuecht vu e Sonndeg op e Méindeg. Lass geet et ëm 00:30 Auer am Allegiant Stadium zu Paradise, dem Stadion vun de Las Vegas Raiders.