Bartreng wënnt mat 97:88 an der Fiels

© AFP
Um Mëttwochowend stoung an der LBBL bei den Hären en Nodrosmatch um Programm. Dëse konnt Bartreng no engem spannende Match fir sech entscheeden.
D'Sparta Bartreng setzt sech no engem spannende Match auswäerts mat 97:88 géint d'Arantia Fiels duerch. No enger ausgeglachener Ufanksphas hu sech d'Gäscht mat engem 15:0-Laf a knapp dräi Minutte virun der Paus ofgesat a louchen an der Paus 54:40 a Féierung. Dobäi hat sech de Profi Isaiah Wilkins an der Mëtt vum zweete Véierel blesséiert an ass och net méi fir seng Bartrenger Ekipp zum Asaz komm. D'Lokalekipp huet sech an der zweeter Hallschecht zeréck an de Match gekämpft an d'Entscheedung ass eréischt an enger spannender Schlussphas gefall. Spiller vum Match war den Amerikaner Isaiah White mat staarken 42 Punkten, donieft huet de Max Logelin mat 25 Punkten iwwerzeegt.
Um Samschdeg steet bei den Hären den 22. an domat och de leschte Spilldag vun der Qualifikatioun um Programm. Am Kampf ëm déi beschte Placéierunge virum Optakt vun der Play-off-Series bleift villes oppen. Fest steet bis elo, datt d'Amicale vu Steesel als Éischten an d'Etzella Ettelbréck als Zweeten an d'Véierelsfinalle start. Bartreng huet duerch d'Victoire an der Fiels nach d'Méiglechkeet um Géigner vun dësem Owend laanscht ze zéien. Mat Diddeleng a Conter kéint d'Sparta donieft nach gläich zéien.