De Volley Bartreng spillt an der Finall géint Stroossen

© AFP
D'Häre vu Bartreng wannen och an der zweeter Partie vun den 1/2-Finalle géint Luerenzweiler. Stroossen klappt um Sonndeg den Owend Dikrech.
Um Sonndeg den Owend huet sech Stroossen och am zweete Match géint Dikrech konnten duerchsetzen a spillt an der Finall vum Championnat elo géint Bartreng.
Hären
Bei den Häre steet den éischte Finalist vum Championnat fest. No der 3:2-Victorie zu Luerenzweiler gouf et e Samschdeg en nach méi klore Succès fir de Volley Bartreng. Virun den eegene Spectateure konnt ee sech no dräi jeeweils enke Sätz mat 25:21, 25:20 a 25:23 behaapten an domat den Ticket fir d'Finall léisen.
De Géigner an der Finall heescht Stroossen. Nom 3:1 am Allersmatch géint Dikrech huet ee sech e Sonndeg den Owend mat 3:0 duerchgesat an domadder den Ticket geléist.
Resultater Hären
Dammen
Bei den Damme geet no enger 3:2-Victoire fir Péiteng géint Walfer an en decisiven drëtte Match. No der klorer 3:0-Victoire fir den RSR Walfer an der éischter 1/2-Finall war d'Partie zu Péiteng e Samschdeg e gutt Stéck méi spannend. Déi éischt zwee Sätz konnten d'Péitenger mat 25:20 a 25:23 fir sech entscheeden, duerno war et d'Ekipp vu Walfer, déi mat 25:12 a 26:24 zréckfonnt huet. Mat engem staarke fënneften an decisive Saz huet Péiteng dann de Match entscheet a verleet d'Decisioun domat op den drëtte Match am Best-of-Three-Modus.
An der zweeter Halleffinall geet et och an een drëtten an decisive Match. Nodeems Mamer den éischte Match géint d'Gym mat 3:0 gewonnen hat, huet d'Gym de Retourmatch mat 3:0 gewonnen. Domadder steet et an der Serie elo 1:1.