Direkt dräi nei national Beschtleeschtungen am Gewiicht- an Hummerwerfen

Nadine Kremer (CAD) a Steve Weiwert (CAB).
An der Liichtathletik gouf et dëse Samschdeg direkt dräifache Grond zur Freed.
Um Season Opener zu Zéisseng e Samschdeg huet d’Nadine Kremer d’Gewiicht vun 9,08 Kilo op 15,68 Meter geheit. Domat huet si dem Mireille Tonizzo hir al Outdoor-Beschtleeschtung (15,21 Meter) aus dem Joer 2014 gebrach. Dat huet d'Fédération Luxembourgeoise d'Athlétisme (FLA) e Samschdeg den Owend matgedeelt.
Eréischt Enn Februar war dem Nadine Kremer hir viregt Beschtleeschtung (15,18 Meter) vu viru 4 Joer nodréiglech als Indoor-Landesrekord unerkannt ginn.
Och bei de Männer gëtt et eng nei Outdoor-Beschtleeschtung: De Steve Weiwert huet am nämmlechte Concours bei de Männer mam 15,88 Kilo schwéiere Gewiicht 17,69 Meter wäit geheit.
Freeë konnt sech e Samschdeg och d’Sofia Snäll, déi eng nei Beschtleeschtung an der U18 opgestallt huet, nodeems si hiren 3-Kilo-Hummer op 54,70 Meter geheit hat. Si huet domat hir eege Beschtleeschtung vum leschte Summer ëm 1,66 Meter iwwertraff an ass just nach 2,30 Meter wäit dovu fort, sech fir d'U18 European Championships ze qualifizéieren.
Dëse Meeting gouf vum CSL organiséiert, ënner anerem fir d’lëtzebuergesch Masters Athleten (35+ Joer) op d‘European Masters Athletics Championships Indoor virzebereeden, déi vum 17-23 Mäerz 2024 zu Torun a Polen ofgehale ginn.

Sofia Snäll (CSL) mat sengem Trainer dem Steve Tonizzo.