En Netz, dat ruckzuck opgebaut gëtt, eng Rackett, déi wéineg Geld schléckt, e Ball, deen un d'Spill ugepasst ass, véier Terrainen an enger Hal an et ka lassgoe mam Pickleball. En Trainer, suergt derfir, dass d'Spiller reegelméisseg rotéieren, sou dass och Plaz ass, fir sozial Kontakter an d'Gemeinschaftsgefill. Et kann Eenzel oder Dubbel gespillt ginn.
Et ass kee komplizéiert Spill, dat sech gemitterlech oder méi intensiv, an allen Alterskategorië praktizéiere léisst. Dës Sportsaktivitéit stécht bei eis nach an de Kannerschong, ass awer
am Tennisclub Nordstad am Zäitraum vun zwee Joer schnell gewuess. Sechs Membere virun zwee Joer an haut sinn der 73 aktiv. Am TC Nordstad ass souguer eng Spillerin, déi op der zweeter Europameeschterschaft zu Roum deelgeholl huet, a mat enger véierter Plaz heem koum. Nodeems d'Ausscheedungen iwwerstane waren, goung et méi locker erof.
De Pickleball léisst sech och dobausse spillen, elo fänkt dat jo un interessant ze ginn. Am Ament ginn et aacht Plazen am Land, wou een de Pickleball, ënnert de Fittiche vun der Tennisfederatioun, praktizéiere kann.