2. Etapp vum Tirreno AdriaticoVan de Poel setzt sech duerch, Geniets kënnt op Plaz 41

RTL Lëtzebuerg
Op der 2. Etapp vum Tirreno Adriatico goung et iwwer 206 Kilometer vu Camaiore op San Gimignano. Um Enn gouf et eng hollännesch Victoire an en neie Leader aus Mexiko.
© DIRK WAEM / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

De Mathieu Van der Poel war en Dënschdeg op engem technesch schwéiere Parcours dee Séiersten. Den 31 Joer alen Hollänner konnt sech um Enn am Sprint virum Mexikaner Isaac Del Toro an dem Italieener Giulio Pellizzari behaapten. De Lëtzebuerger Kevin Geniets gouf mat engem Retard vun enger Minutt den 41.

De Filippo Ganna huet op der zweeter Etapp Zäit verluer a muss doduerch och d’Féierung am General un den Isaac Del Toro ofginn. De Geniets läit do mat engem Retard vun enger Minutt a 47 Sekonnen op Plaz 44.

Klassement no der 2. Etapp

1. Mathieu Van der Poel ALPECIN-PREMIER TECH 04:53:23
2. Isaac Del Toro UAE TEAM EMIRATES-XRG “
3. Giulio Pellizari RED BULL-BORA-HANSGROHE “
4. Tobias Johannessen UNO-X MOBILITY + 00'15"
5. Andrea Vendrame TEAM JAYCO-ALULA + 00'17"
6. Alessandro Pinarello NSN CYCLING TEAM “
7. Giulio Ciccone LIDL-TREK “
8. Andreas Kron UNO-X MOBILITY “
9. Clément Champoussin XDS ASTANA TEAM “
10. Paul Lapeira DECATHLON CDM CGM TEAM “
...
41. Kevin Geniets GROUPAMA-FDJ UNITED + 01'00"

Generalklassement

1. Isaac Del Toro UAE TEAM EMIRATES-XRG 05:06:01
2. Giulio Pellizari RED BULL-BORA-HANSGROHE + 00'03"
3. Magnus Sheffield INEOS GRENADIERS + 00'13"
4. Alan Hatherly TEAM JAYCO-ALULA + 00'17"
5. Primoz Roglic RED BULL-BORA-HANSGROHE + 00'18"
6. Antonio Tiberi BAHRAIN VICTORIOUS + 00'20"
7. Matteo Jorgenson TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00'31"
8. Filipo Ganna INEOS GRENADIERS + 00'34"
9. Javier Romo MOVISTAR TEAM + 00'34"
10. Ben Healy EF EDUCATION-EASYPOST + 00'36"
...
44. Kevin Geniets GROUPAMA-FDJ UNITED + 01'47"

Back to Top
CIM LOGO