3. Etapp Paris-NiceIneos Grenadiers wënnt, Juan Ayuso neie Leader am General

Sam Rickal
Op der drëtter Etapp vu Paris-Nice stoung en Ekippenzäitfueren iwwer 23,5 Kilometer vu Cosne-Cours-sur-Loire op Pouilly-sur-Loire um Programm.
Ineos Grenadiers konnt d'Ekippen-Zäitfuere fir sech entscheeden.
Ineos Grenadiers konnt d’Ekippenzäitfuere fir sech entscheeden.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP

D’Ekipp ronderëm de Kevin Vauquelin hat en Dënschdeg zu Pouilly-sur-Loire eng Avance vun zwou Sekonnen op LIDL-Trek. Op déi drëtt Plaz koum mat engem Retard vu 15 Sekonnen DECATHLON CMA CGM TEAM.

Paris-Nice: 3. Etapp
Ineos-Grenadiers konnte sech d’Victoire sécheren am Ekippenzäitfueren. Neie Maillot jaune ass de Juan Ayuso.

EF EDUCATION - EASYPOST an de Leader am General Luke Lamperti haten op der Arrivée ee Retard vun 23 Sekonnen. Doduerch verléiert de Lamperti de Maillot Jaune un de Juan Ayuso.

Den Alex Kirsch koum mat senger Ekipp COFIDIS mat engem Retard vun 42 Sekonnen op déi 10. Plaz. Den Arthur Kluckers fiert mat TUDOR PRO CYCLING TEAM op eng Minutt an 3 Sekonnen op déi 12. Plaz.

Am General läit de Kluckers op Plaz 110. De Kirsch dogéint op Plaz 122.

Klassement vun der 3. Etapp:

1. INEOS GRENADIERS 26' 40"
2. LIDL-TREK + 00' 02"
3. DECATHLON CMA CGM TEAM + 00' 11"
4. TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00' 15"
5. RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00' 20"
6. EF EDUCATION - EASYPOST + 00' 23"
7. MOVISTAR TEAM + 00' 28"
8. UAE TEAM EMIRATES XRG + 00' 37"
9. GROUPAMA-FDJ UNITED + 00' 41"
10. COFIDIS + 00' 42"
...
12. TUDOR PRO CYCLING TEAM + 01' 03"

Generalklassement:

1. Juan Ayuso LIDL-TREK 08h 37' 02'’
2. Kévin Vauquelin INEOS GRENADIERS + 00' 02"
3. Oscar Onley INEOS GRENADIERS + 00' 03"
4. Daan Hoole DECATHLON CMA CGM TEAM + 00' 13"
5. Bruno Armirail TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00' 17"
6. Davide Piganzoli TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00' 17"
7. Jonas Vingegaard TEAM VISMA | LEASE A BIKE + 00' 17"
8. Aleksandr Vlasov RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00' 22"
9. Daniel Martinez RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00' 22"
10. Laurence Pithie RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00' 24"
...
110. Arthur Kluckers TUDOR PRO CYCLING TEAM + 06' 20"
122. Alex Kirsch COFIDIS + 07' 23"

Back to Top
CIM LOGO