An Italien huet um Sonndeg den Owend Juventus 2:2 géint Atalanta gespillt. Iwwerdeems gewënnt Metz géint Clermont an de PSG spillt gläich géint Reims.

Um Sonndeg an e Méindeg stoungen an den internationale Ligen eng sëllege Matcher um Programm. Mee och eng Rei Lëtzebuerger Futtballer waren am Asaz. Hei fannt dir den Iwwerbléck.

Bundesliga

VFL Bochum - SC Freiburg 1:2
0:1 Eggestein (36'), 0:2 Gregoritsch (53'), 1:2 Ordets (62')

Effizient Freiburger hunn no 6 Bundesliga-Matcher mol nees konnte wannen, iwwerdeems et fir Bochum déi 3. Néierlag um Stéck ass. Kuerz viru Schluss hat Bochum a Persoun vum Schlotterbeck déi grouss Chance dach nach 1 Punkt kënnen doheem ze halen, säi Kappball sollt awer knapp iwwert de Gol goen. Freiburg steet an der Tabell elo nees am ieweschten Deel, iwwerdeems Bochum 7 Punkte viru Köln op der 15. Plaz ass.

Eintracht Frankfurt - TSG Hoffenheim 3:1
0:1 Brooks (6'), 1:1 Koch (32'), 2:1 Dina Ebimbe, 3:1 Götze (64')

Aston Villa - Tottenham Hotspur 0:4
0:1 Maddison (50'), 0:2 Johnson (53'), 0:3 Son (90+1'), 0:4 Werner (90+4')

Iwwerraschend däitlech Victoire vun Tottenham géint Aston Villa. Virun allem an der 1. Hallschent war een ausgeglachene Match. No der Paus hunn d'Spurs du bannen 3 Minutte gläich zwee mol äiskal zougeschloen. Nodeems de Mc Ginn an der 65. Minutt dunn och nach déi Rout Kaart gewise krut, war de Match virentscheet. An der Nospillzäit hu Son a Werner fir d'Schlussresultat gesuergt. Domat steet Tottenham elo just nach 2 Punkten hannert Villa an der Tabell, dat awer mat engem gespilltem Match manner.

FC Chelsea - Newcastle United 3:2

E Méindeg stoung an der Premier League de Match Chelsea géint Newcastle um Programm. Schonn an der 6. Minutt war et den Jackson, deen no enger Virlag vum Palmer den 1:0 fir Chelsea konnt markéieren. Ma kuerz virun der Paus war et den Isak, dee fir den Ausgläich suerge konnt, dat an der 43. Minutt. No der Paus blouf et weider spannend och wann Chelsea an der 58. Minutt, duerch de Palmer, an an der 76. Minutt duerch de Mudryk mat 3:1 a Féierung gaangen ass. An der 90. Minutt nämlech huet de Murphy konnten op 3:2 verkierzen. Ma an de leschte 6 Spillminutte vun der Nospillzäit ass et Newcastle net gelongen, nach auszegläichen, sou dass Chelsea sech d'Victoire séchere konnt.

West Ham United - FC Burnley 2:2
0:1 Fofana (11'), 0:2 Mavropanos (45+1'), 1:2 Paqueta (46'), 2:2 Ings (90+1)

FC Liverpool - Manchester City 1:1
0:1 Stones (23'), 1:1 Mac Allister (50')

D'Skyblues si besser an de Match komm ass, huet Liverpool an der Suite de Match kontrolléiert. Matten an dei eischt Drangphase vun de Reds ass City no engem Eckball duerch de Stones a Féierung gaangen. Nodeems de Mac Allister d'Lokalekipp per Eelefmeter nees zeréck an de Match bruecht huet, waren d'Reds net mei ze stoppen. E Gol sollt an dëser Phase awer net falen,Gléck hat Liverpool an der 73. Minutt, wou d'Lat fir d'Reds gerett huet. An der absolutter Schlussphase huet Liverpool dunn den Drock nach emol erop geschrauft. D'Ekipp vum Jürgen Klopp huet sech eng sëlleg Chancen eraus gespillt, et sollt awer einfach keen zweete Gol fir d'Reds falen, sou dass de Match schlussendlech mat engem 1:1-Remis op en Enn sollt goen. Alles an allem e gléckleche Remis fir d'Ekipp vum Pep Guardiola, hat Liverpool dach mei vum Match. An der Tabell steet elo Arsenal un 1. Stell, punktgläich mat Liverpool. 1 Punkt hannendrun steet City.

Serie A

AC Mailand - FC Empoli 1:0
Pulisic (41')

Juventus Turin - Atalanta Bergamo 2:2
0:1 Koopmeiners (35'), 1:1 Cambiaso (66'), 2:1 Milik (70'), 2:2 Koopmeiners (75')

Ligue 1

PSG - Stade Reims 2:2
0:1 Munetsi (7'), 1:1 Abdelhamid (Selbstgol, 17'), 2:1 Ramos (19'), 2:2 Diakite (45')

Nom fréiem Réckstand huet de PSG d'Gaspedall fonnt a hat bannent e puer Minutte gläich 3 richteg gutt Chancen op den Ausgläich. No engem Selbstgol vum Abdelhamid huet de Ramos nëmmen 2 Minutte méi spéit de Match zu de Gonschte vu PSG konnten dréinen. Alles an allem huet d'Lokalekipp de Match kontrolléiert. Ëmsou méi iwwerraschend war et dunn, dass Reims nach virum Pausentéi den Ausgläich gelongen ass. An der zweeter Hallschent huet Reims net méi vill ubrenne gelooss sou dass et 1 Punkt aus dem Parc des Princes mat heem kann huelen iwwerdeems de PSG fir drëtt noenee just gläich spillt.

FC Metz - Clermont Foot 1:0
1:0 Mikautadze (33')

Metz gewënnt den direkten Duell am Tabellekeller mat 1:0 géint Clermont a steet elo 6 Punkte virun hinnen. Deemno e ganz wichtegen Dräier fir Metz, wëllt een och nächste Saison an der Ligue 1 spillen.

OSC Lille - Stade Rennes 2:2
0:1 Blas (1'), 0:2 Kalimuendo (20'), 1:2 David (84'), 2:2 David (90+1')