Dëschtennis-Championnat
Recken wënnt zu Diddeleng, Lénger-Houwald 5:5

© Archiv
De Weekend sinn déi éischt Véierelsfinallen am nationalen Dëschtennis-Championnat gespillt ginn.
Am éischten Tour vun de Véierelsfinallen huet sech Recken zu Diddeleng duerchgesat, wärend Lénger an den Houwald d'Punkte gedeelt hunn.
Lénger an den Houwald hu sech ee ganz enke Match geliwwert. Um Enn gouf et kee Gewënner an et stoung 5:5.
Méi kloer war de Match tëscht Diddeleng a Recken, wou d'Gäscht mat 6:2 als Gewënner heemfueren. No véier Partië stoung et 2:2, duerno huet et fir Diddeleng just nach kloer Néierlage gesat.
Den Detail vun de Partië fannt Dir am Schreiwes vun der FLTT.
D'Resultater am Iwwerbléck
Am meeschte gelies