Zanter e Sonndeg ass d'Nationalekipp zesummen. Anescht wéi bei anere Lännermatch-Rendez-vousen, ass d'Zäit fir sech ze preparéieren een Tick méi kleng.

E grousse Facteur spillt och d'Physis, well virum Match géint Georgien an tëscht der zweeter Partie nëmme véier Deeg leien. Dofir huet sech de Sam Rickal fir eis mam Préparateur physique vun der Nationalekipp ënnerhalen.

Zanter 2014 ass de Claude Origer de Préparateur physique vun der Nationalekipp. No senge Statiounen als Trainer vum Stater Racing an do virdrun als Co-Trainer vun der Escher Jeunesse këmmert sech de Sportsproff aus dem Ettelbrécker Lycée ëm de Fitness-Zoustand vun de Roude Léiwen. Seng Aufgabe begrenze sech awer net nëmmen op déi Deeg, wou d'Nationalekipp zu Lëtzebuerg zesummen ass. De Claude Origer, Préparateur physique FLF:

"Mir sinn a reegelméissegem Kontakt mat de Spiller. De Christopher Martins war elo rezent hei zu Lëtzebuerg, mat deem ech dann no Récksprooch mam Nationaltrainer Luc Holtz an dem Co-Trainer Mario Mutsch zesummen trainéiert hunn. Et arrangéiert mech, datt ee vun eise Kinéen hei zu Biissen schafft. Doduerch kann ech bei hien, op den Terrain oder bei mir an der Schoul an de Fitness goen, fir mat de Spiller ze schaffen."

Ier d'Nationalspiller zu Lëtzebuerg ukommen a mam Training ufänken, muss fir d’éischt gekuckt ginn, ob wéi vill a wéini all eenzele Spiller bei sengem Veräin zum Asaz koum. Doropshi gëtt individuell fir Jiddereen een Trainingsprogramm ausgeschafft. Dat mat Récksprooch mam Nationaltrainer Luc Holtz, dem Co-Trainer Mario Mutsch an och dem Golkipptrainer Rui Forte.

De Claude Origer:

"Meng Aufgab ass et ze kucken, datt si prett sinn den Dag, datt si sech gutt spieren. Dat fänkt mam Waarmmaachen un. Dat ka méi fussballeresch sinn oder och Regeneratioun oder Kraafttraining. Dat ass d'Iwwerwaachung wärend dem Training."

Anescht wéi bei anere Lännermatch-Rendez-vousen, wou d'Nationalekipp da fir eng Woch Stage am Virfeld vun de Matcher zesummekënnt, huet d'FLF-Selektioun fir dës zwou Partien nëmmen 4 Deeg, fir sech ze preparéieren. D'Recup ass sécherlech ee ganz wichtege Facteur. Allerdéngs hänkt och do nees d'Trainingsgestaltung vun der Spillzäit vun all eenzele Spiller of.

De Claude Origer:

"Méindes maache mir mat deenen, déi do sinn, ee Splitting. Déi eng schaffe méi an der Regeneratioun, wéi zum Beispill Mobilitéit, bei de Kiné oder och mol an d'Schwämm goen. Déi aner sinn dann um Terrain, a mat deenen trainéiere mir da méi spezifesch, fir esou no méiglech un eng Match-Simulatioun erunzekommen."

Mam Vincent Thill, dem Dirk Carlson an och dem Timothé Rupil feelen dräi Nationalspiller blesséiert. Fir d'Präventioun vu Blessuren ass gréisstendeels all Sportler selwer responsabel. Och wann an de Veräiner an der Federatioun aktiv dru geschafft gëtt.

De Claude Origer:

"Mir soen de Spiller och, datt d'Mobiliséierungs- a Kraaftübunge ganz wichteg sinn. Dat gëtt an de Profiveräiner och gemaach. D'Spiller musse sech dës bewosst sinn. Déi Spiller, déi op deem Niveau ënnerwee sinn, maachen dat och, soss hu si op dem Level och keng Chance."

Lo geet et drëms, déi aner Spiller fit a gesond ze halen, fir datt de groussen Dram vun der EM an Däitschland vläicht kann an Erfëllung goen.