Album a Stickere fir d'EM 2024 kommen en Donneschdeg eraus
Panini huet seng Exklusivlizenz mat der UEFA a soumat och d'Rechter fir d'EM 2024 verluer. Dofir ass Lëtzebuerg awer am neie Sammelalbum mat dobäi.
D'Enn vun enger ÄraZanter 4 Joerzéngte war d'Sammelband vu Panini am Kader vu Welt- an Europameeschterschaften net ewechzedenken. Scho Méint virum Optakt vun der Campagne hunn dës Billercher Kleng a Grouss an de Futtballféiwer versat. Ma mat dëser EM geet dës Traditioun eriwwer.
Wat ass geschitt?
Fir d'Europameeschterschaft 2024 an Däitschland ass déi italieenesch Entreprise Panini vun der New Yorker Firma Topps schonn am Joer 2022 iwwerbuede ginn.
D'Amerikaner hu sech eng exklusiv Partnerschaft mat der UEFA fir d'EM 2024 an 2028 séchere kënnen.
Mam Wiessel vun der UEFA-Lizenz un Topps fir d'Produzéieren an d'Verkafe vu Sammelbiller, kënnt d'Partnerschaft tëschent dem europäesche Futtballverband a Panini, déi zanter 1980 besteet, op en Enn.
Konkurrenz mat Geschicht
Déi europäesch Branche vun Topps hat schonns 1994 de Konkurrent um Sammelbillermaart Panini gréisstendeels aus England verdriwwen, wéi ee sech d'Rechter fir déi englesch Premier League kaf huet.
Weider Streidereien tëschent Topps a Panini ëm Billerrechter hunn och schonns dozou gefouert, dass individuell Spiller an de jeeweilege Sammelbänner anescht hu missten duergestallt ginn. Wéinst Lizenzrechter huet zum Beispill de Logo vun enger Federatioun net dierfte benotzt ginn, esou datt d'Spiller virun de Lännerfaarwen ofgebillt goufen oder e Spiller am T-Shirt amplaz am Trikot ze gesi war.
Besonnesch interessant war d'Situatioun vun de Spiller aus Irland. Dës ware wéinst Lizenzrechter an de Bicher vun der WM 2002 beim éischten Drock net ze fannen, eréischt bei de spéideren Oplage vun dësem Band war "Irland" representéiert.
Wat d'Rechter fir Sammelbänn fir d'WM 2026 a Kanada, USA a Mexiko ugeet, sou léien dës aktuellen Informatiounen no nach ëmmer bei Panini.
Historesch Première
D'Rout Léiwe wäerten dës Kéier mat vun der Partie sinn. All d'Ekippen, dorënner och d'FLF-Formatioun, déi sech fir d'Play-Offs vun der Nations League qualifizéiert haten, komme mat an de Sammelband vun Topps.
Déi amerikanesch Firma huet annoncéiert, datt een iwwer 700 Stickere fir d'Kollektioun wäert erausbréngen.