De Flavio Giannotte ka sech nach fir d'Olympesch Spiller qualifizéieren. Dofir muss hien den Tournoi zu Déifferdeng dëse Weekend awer gewannen.

Aktuell wäerte 7 Lëtzebuerger Sportler bei den Olympesche Spiller mat dobäi sinn. Deen een oder anere kann an deenen nächste Wochen nach dobäikommen. Am Fechten huet zum Beispill nach ee Sportler eng Chance, fir den Ticket fir Paräis ze knipsen. De Flavio Giannotte muss dofir awer dëse Weekend den Tournoi zu Déifferdeng gewannen.

Hie preparéiert sech op dëse wichtege Rendez-vous. Mat sengem Trainer, dem Maître Maurice Pizay, gëtt just nach un Detailer gefeilt. D'Géigner sinn nämlech bekannt, wéi de Fechter erkläert: "Déi meescht kennen ech. Ech hunn d'Lëscht nach emol gekuckt an duerno eng Videoanalys gemaach vun deenen, déi do sinn. Mä d'Zil wäert sinn, dass ech mech op mech selwer muss fokusséieren. Mäi gréissten Géigner op dësem Turnéier sinn ech selwer."

An dat gëtt de grousse Faktor. En Tournoi heiheem mam Lëtzebuerger Public suergt deementspriechend fir zousätzlechen Drock. Mä genau dëse Moment schwieft net eréischt zanter e puer Méint am Kapp ronderëm.

"De Rendez-vous ass zanter 4 Joer am Hannerkapp. D'Olympesch Spiller sinn nach ëmmer en Zil gewiescht."

D'Form passt op alle Fall. An der Gruppephas mussen zwou Victoiren hier, fir an d'KO-Ronn ze kommen, wou et dann "Alles oder Näischt" heescht.

"Ech kann et packen an den Niveau hunn ech och, mä et muss am Kapp stëmmen. Do muss elo nach den Feischlëff gemaach ginn", analyséiert de Flavio Giannotte d'Situatioun. Dowéinst kapselt sech de Fechter virum groussen Dag e bëssen of.

"Fir dann och do ze sinn. Mä de leschten Turnéier, deen ech a Lëtzebuerg gefecht hunn, hunn ech gewonnen. Dowéinst encouragéieren ech d'Leit, fir mech ënnerstëtzen ze kommen, well dat eppes ass, wat mech extrem pusht."

10 Fechter aus den Top 50 vun der Welt wäerten zu Déifferdeng mat dobäi sinn. Den Niveau ass extrem serréiert a méi héich wéi bei enger Weltmeeschterschaft.

Den Tournoi zu Déifferdeng fänkt e Freiden un an de Flavio Giannotte ass e Sonndeg vun 10 Auer un am Asaz.