D‘Sweet Devils Cheerleadergrupp vun Esch huet sech um Summit zu Orlando déi 2. Plaz an der Kategorie IASF Open Level 4 geséchert.

Domadder si si Vize-Weltmeeschter mat 93.167 Punkten a placéiere sech knapp hannert de Kanadierinnen, déi 93.65 Punkten erreecht hunn.

Als bescht europäesch Grupp an dëser Kategorie hu se Lëtzebuerg groussaarteg vertrueden. Hiren Erfolleg ass ëmsou méi erstaunlech, well se sech géint staark Konkurrenz aus Kanada, Däitschland, Dänemark an Norwegen an der Finall hu missten duerchsetzen.

Dëst war déi 1. Participatioun vu Lëtzebuerg a vun de Sweet Devils vun der Espérance bei enger Weltmeeschterschaft.

Escher Cheerleader um Wee op d'WM a Florida
D‘Sweet Devils vum Escher Turnveräin Esperance war déi éischt Cheerleading-Ekipp hei am Land a si hunn et wäit gepackt. Am Mee fuere si op d'WM.