Tornado Lëtzebuerg steigt an déi 2. franséisch Divisioun op

© Val Wagner (Archiv)
Mat Victoirë géint Châlons a Wasquehal huet sech den Tornado am Final 4 den Ticket fir den Opstig geséchert.
Am Äishockey gëtt et eng grouss Premiere fir den Tornado. D'Lëtzebuerger Equipe ass lo déi éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht vun der drëtter an déi zweet franséisch Divisioun opgestigen, dozou de Vizepresident vum Tornado, Alain Schneider:
Jo, mir sinn an deene Final Four am Fong eragaangen ouni groussen Drock. Mir haten eist Saisonzil am Fong erreecht. Mir wollten ënnert déi éischt 8 vun deene 34 Ekippen kommen. Vun dohier hu mir zu de Spiller gesot: Genéisst et, wat se gemaach hunn! Mee net nëmmen dat, si hunn eng fantastesch Leeschtung bruecht. Ech mengen, dat ass en immens héijen Niveau scho gewiescht. An déi Ambiance, déi do geherrscht huet, dat ass eemoleg. An dofir si mer enorm stolz op dat, wat eis Ekipp geleescht huet. A mir hunn och Réckmeldung kritt, zum Beispill vun den Arbitteren. De Chefarbitter, dee vun engem héije Niveau kënnt, deen och de Christian Eriksen kennt, an dee sot, datt doten ass Niveau D2 wat do gespillt gëtt. An dat mécht eis natierlech stolz an zouversiichtlech fir d 'nächst Saison, datt mer awer um richtege Wee sinn.
Fir d'nächst Saison ass et awer net just op sportlechem Plang eng Erausfuerderung:
Jo, et geet natierlech net duer, fir eng Zweetdivisiounsequipp um Äis do stoen ze hunn. Dozou gehéiert natierlech och de ganzen Entourage, dat heescht, d 'Ekipp ronderëm d'Ekipp, mee och do si mer am gaangen, eis Hausaufgaben ze maachen. Do gehéiert den Teammanager, en Equipementmanager, e Physio, awer och d 'Raimlechkeeten, déi musse stëmmen. Déi Ekipp, déi muss hiert Doheem hunn, hir Vestiär, déi nëmmen hinne gehéiert, wou si sech wuel fillen, mat Gym derbäi a wéi dat eebe fir deen Niveau sech passt. Do si mir och um gudde Wee. Mir schaffen do mat der Äispist ganz enk zesummen, mat der Kockelscheier. A mir hoffen och, dass d 'Gemeng oder de Sportsministère eis do zur Säit steet, fir eis vläicht ze hëllefen.
Beim Tornado ass ee sech bewosst, datt een d'nächst Saison an der zweeter Divisioun a Frankräich net ganz uewe mat wäert spillen, ma eng Plaz am gesécherte Mëttelfeld ass schonn d'Zil.