Upgrade fir d'Luxembourg Open
Fir d'Lëtzebuerger Spiller a Spillerinnen, déi un de Luxembourg Open deelgeholl hunn, goufen et den zweeten Dag keng Victoiren.
D'Luxembourg Open sinn an dësem Joer an d'Kategorie "Europäesche Circuit" geklommen, an domadder hunn och d'Spiller a Spillerinnen, déi um Turnéier deelhuelen, e méi héijen Niveau. Domat klëmmt awer och d'Verantwortung fir déi Responsabel: méi Participanten aus méi Länner, méi héich Präisgelder, an nach aner Elementer.
D'Lëtzebuerger Badminton-Federatioun gesäit sech awer op engem gudde Wee, och wat d'Zuel vun de Lizenzéierten ugeet. Am Zäitraum tëschent der zweeter an drëtter Editioun vum Turnéier war d'Kim Schmidt an der Aachtelsfinall vun de European Games an huet un den Top100 vun der Weltranglëscht gekraazt. E weideren Numm am Lëtzebuerger Badminton ass dee vum Jérôme Pauquet, dee seng Ausbildung zum Sportzaldot ofgeschloss huet, an och vum Duo Feltes/Sinico kann ee sech an Zukunft am Dubbel eppes erwaarden.