Maud Allar schwëmmt neien nationale Rekord

Beispillfoto / © AFP (Archiv)
Déi jonk Schwëmmerin ass d'100 Meter Brasse an 1:12,39 geschwommen an huet sech domat fir d'Europäesch Jugendmeeschterschafte qualifizéiert.
Beim Diddelenger Schwammfest, dat am Campus Geesseknäppchen an der Stad stattfonnt huet, ass d'Maud Allar am 50-Meter-Baseng en neie Lëtzebuerger Rekord geschwommen. Wéi d'Schwammfederatioun FLNS op Facebook matgedeelt huet, huet déi 16-järeg Schwëmmerin iwwer 100 Meter Brasse mat 1:12,39 en neie Landesrekord an hirer Kategorie opgestallt. Viru knapp engem Joer hat d'Allar de bis deemools gültege Rekord vum Aurélie Waltzing aus dem Joer 2014 ënnerbueden a mat 1:12,96 eng nei Beschtzäit realiséiert.
D'Schwëmmerin, déi beim SC Déifferdeng lizenzéiert ass a beim Cercle Nautique Péiteng ugefaangen huet, huet sech domat fir d'Europäesch Jugendmeeschterschafte qualifizéiert.