E Sonndeg de Mëtteg war zu Déifferdeng eng weider Editioun vum Steel Run.

Mat enger grousser Faarwe-Show goufen d'Leefer e Sonndeg de Mëtten op de Parcours vum Steel Run geschéckt. Am Vierdergrond stoungen op en neits de Spaass, d’Freed um Sport a virun allem d’Entdecke vun der Stad Déifferdeng mat hire schéinsten Ecker.

Gelaf gouf op engem Parcours, deen all Joer e bëssen ugepasst gëtt. 11 Kilometer war deen dëst Joer laang an et hat ee probéiert, de Parcours mat erausfuerderende Plaze spannend an ofwiesslungsräich ze gestalten.

Op der Plaz ware vill Spectateuren, déi sech fir dëse Spektakel interesséiert an d'Leefer op der Pist ugefeiert hunn. Eng Ronn 1.400 Leit waren dëst Joer an der Haaptcourse mat dobäi. E puer vun hinne kommen all Joers op Déifferdeng, fir beim Steel Run matzelafen. Anerer si fir d'alleréischt mat dobäi.

Virum Steel Run gouf dëst Joer awer och nach eng zweet Course gelaf. De sougenannten iRun. Dës Course huet dobäi als Zil, datt jiddereen d'Méiglechkeet kritt eng Kéier eng Course matzelafen, egal ob jonk oder al, Hobby-Leefer oder eng Persoun mat kierperlecher respektiv geeschtlecher Aschränkung. Dobäi gouf den iRun e Sonndeg fir déi éischte Kéier um nämmlechten Dag gelaf wéi de Steel Run.

Egal op Steel Run oder iRun, d‘Leit déi matgelaf sinn hunn Déifferdeng vun enger vläicht anerer Säit kennegeléiert. Dës Course ass bei ville Leefer zu engem festen Datum am Kalenner ginn an et gesäit een, datt d’Evenement vu Joer zu Joer un Opmierksamkeet gewënnt an ëmmer méi Leit bei enger vun dëse spezielle Coursse matlafen.