Nom 2:2-Remis am Allersmatch huet sech Real Madrid am eegene Stadion mat 2:1 géint Bayern München duerchgesat.

Um Dënschdeg hat sech schonns Dortmund den Ticket fir London geséchert. Um Mëttwoch stoung de Retourmatch vun der zweeter Halleffinall an der Champions League um Programm.

An do huet sech Real Madrid fir d'Finall qualifizéiert. No enger éischter Hallschent ouni Goler, ass Bayern géint de Spillverlaf 1:0 a Féierung gaangen. D'Gäscht hu sech hannendra gestallt an de Joselu huet d'Partie bannen 2 Minutte gedréint. Bayern konnt net méi reagéieren a sou huet Real eng eigentlech verluere Partie dach nach mat 2:1 gewonnen.

D'Finall tëscht Real Madrid an Dortmund gëtt den 1. Juni 2024 am Wembley-Stadion zu London gespillt.

Resumé Real Madrid géint Bayern München / Reportage Guy Seyler

Real Madrid - Bayern München 2:1

0:1 Davies (68'), 1:1 Joselu (88'), 2:1 Joselu (90 +1')

Bayern war 1:0 vir, de Joselu huet de Match awer mat 2 Goler komplett gedréint an de Real domadder an d'Finall bruecht.

De Match huet net laang gebraucht fir op Touren ze kommen. Real Madrid war méi present an hat an der 6. Minutt déi éischt Chance. No enger flaacher Flank vum Carvajal koum de Rodrygo awer an der Mëtt net un de Ball. D'Gäscht hu sech net verstoppt an sech zwou Minutten drop an de Strofraum kombinéiert. Dem Gnabry seng Pass war awer net präzis genuch op de Kane.

An der 13. Minutt haten d'Spuenier awer déi éischt riseg Geleeënheet op d'Féierung. Dem Vinicius säi Schoss goung op de Potto, beim Noschoss war de Neuer do an huet de Ball festgehalen. Real huet de Ball iwwer de Kroos dréine gelooss, Bayern stoung awer elo gutt, war am Spill no vir awer net präzis genuch. De Kane huet an der 28. Minutt knapp laanscht geschoss.

Et huet ee gemierkt, datt et ëm vill geet. Béid Ekippen hunn net vill zougelooss an hunn am offensive Beräich net alles riskéiert, fir sech kee Konter anzefänken. An der 40. Minutt gouf et nach emol geféierlech, de Neuer konnt dem Vinicius säi Schoss awer a Corner deviéieren.

No der Paus war de Match weider ausgeglach, déi besser Méiglechkeeten hat awer elo Bayern München. Fir d'éischt goung en ofgefälschte Schoss vum Davies knapp iwwert de Gol. Kuerz drop ass de Kane um Lunin hänke bliwwen. D'Spuenier hunn awer nees reagéiert an de Rodrygo huet aus puer Meter d'Këscht just knapp verfeelt. De Vinicius huet elo iwwer lénks gemaach, wat e wollt an de Neuer huet zweemol eng staark Parad gewisen. Fir d'éischt huet de Golkipp e Fräistouss vum Rodrygo gehalen. Kuerz drop war de Neuer opmierksam bei engem Schoss vum Vinicius.

Madrid war däitlech iwwerleeën an d'Gäscht sinn an där Phas geschwommen. Mee genau an déi Phas huet Bayern an der 68. Minutt den 1:0 markéiert. De Kane hat den Davies iwwer lénks geschéckt, deen an de Strofraum gezunn ass an de Ball an de laangen Eck geschoss huet.

D'Reaktioun vu Real huet net laang gedauert. E Selbstgol vum Davies huet de VAR awer zréckgeholl, well den Nacho de Kimmich gefoult hat. Bayern huet sech komplett zréckgezunn a gouf dofir bestrooft. No engem Feeler vum Neuer huet de Joselu an der 88. Minutt ausgeglach. Knapps 2 Minutte méi spéit konnt de selwechte Spiller den 2:1 markéieren. Bayern konnt kee Gol méi markéieren, ma Sekonne viru Schluss gouf et awer nach eng ganz diskutabel Situatioun. No engem Kappball vum Müller hat den de Ligt de Ball an de Gol gesat. Ma den Arbitter hat de Match nach wärend der Aktioun wéinst engem méiglechen Abseits ënnerbrach.

Um Enn zitt Real glécklech awer verdéngt an d'Finall vun der Champions League an.

Reaktiounen nom Match

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.