André Hartmann bleift President vun der FLTT
E Mëttwoch war zu Diddeleng am Festsall vum Lycée Nic Biever den 83. Kongress vun der FLTT.
A Presenz vum Sportminister Georges Mischo huet de President vun der Federatioun André Hartmann a senger Ried e Réck- an Ausbléck ginn.
Hien huet do virun allem dem Comité directeur, dem COSL, dem Ministère an de Benevolle Merci fir hir Ënnerstëtzung gesot. Dobäi huet den André Hartmann awer och betount, datt een an Zukunft nach méi Ënnerstëtzung brauch, virun allem personell.
Wat de sportleche Réckbléck ugeet, huet den André Hartmann ënnert anerem d'Resultater vun Ni Xia Lian, Sarah De Nutte a Luka Mladenovic ervirgehuewen. Donieft wollt den FLTT-President awer och betounen, dass d'Jugend um gudde Wee ass.
Den Tresorier Camille Gonderinger huet an der Suite eemol de Budget vun 2023 Revue passéiere gelooss. D'FLTT huet e Minus vu 15.821 € gemaach. Vun den iwwer 1,3 Milliounen Depensë si méi wéi 800.000 € an d'Kadere gefloss. E Groussdeel dovunner ass op international Tournoien zeréckzeféieren. Dës Depensë waren awer exzeptionell héich, dat well eng Partie Athlete vill international ënnerwee waren, fir Punkten ze sammelen, fir sech fir d'Olympesch Spiller zu Paräis ze qualifizéieren.
D'Dëschtennisfederatioun gehéiert mat 75 Veräiner a 4.435 Lizenzen zu enger vun de gréisste Federatiounen am Land. Zanter 1998 war elo den André Hartmann President. E Mëttwoch den Owend gouf et awer Walen an do wollt d'Ekipp "Neie Wand" d'Ekipp Hartmann ofléisen. Beim Vott sinn 9 Posten am Comité directeur gewielt ginn. Siwe Leit vun der Ekipp Hartmann si gewielt ginn, mat virop dem André Hartmann, deen domat President vun der FLTT bleift. Vum neie Wand sinn eenzeg den Andy Cattazzo an de Paul Breser gewielt ginn. Si hu sech géint de Romain Sahr an den Henri Dielissen duerchgesat, déi domat net méi zum CD gehéieren.
Den neie Comité directeur am Iwwerbléck:
President: André Hartmann 38 vu 64 Stëmmen
Generalsekretär: Andy Cattazzo per Lous gewielt wéinst Stëmmegläichheet
Trésorier: Camille Gonderinger 41 vu 64 Stëmmen
President Commission sportive: Gilles Regener 34 vu 64 Stëmmen
President Commission technique: Ralf Greis 41 vu 64 Stëmmen
President Commission des relations publiques: Charles Muller 34 vu 64 Stëmmen
President Commission des Cadres fédéraux: Paul Breser 38 vu 64 Stëmmen
President Commission de promotion du sport pongiste: Philippe Moulin 37 vu 64 Stëmmen
Member vum Comité directeur: Corinnee Bremer 37 vu 64 Stëmmen