Et war schonn déi 41. Editioun vum Spillfest. Dëst Joer konnt ee bei 50 Sportatelieren aktiv matmaachen.

"Sport a Spill fir déi ganz Famill" - Méi brauch et u sech net, fir dat traditionellt Fest vum Lëtzebuerger Olympesche Comité ze beschreiwen. All Joer op Christi Himmelfaart versammele sech déi sëllege Sportsfederatioune ronderëm de Séi op der Kockelscheier, fir hir Aktivitéiten ze presentéieren.

Bei ronn 50 Ateliere konnt een dëst Joer matmaachen. Sou vill wéi nach ni. Doduerch dass de Parking déi Kéier mat genotzt gouf, konnt ee vu méi Plaz profitéieren. Dat huet och gehollef, fir de Food Village ze vergréisseren an d'Waardeschlaange bei den Iess- a Gedrénksstänn ze reduzéieren.