Donieft ass Burnley no enger Néierlag géint Tottenham nees ofgestigen an Nottingham Forest dierft trotz enger Defaite gerett sinn.

An der Bundesliga däerf Köln no engem Comeback géint Union Berlin nach op de Klassenerhalt hoffen. Mainz kann no enger Victoire géint de BVB, bei där de Leandro Barreiro ee Gol geschoss an ee virbereet huet, net méi direkt ofsteigen.

Premier League

FC Fulham - Manchester City 0:4
0:1 Gvardiol (13'), 0:2 Foden (59'), 0:3 Gvardiol (71'), 0:4 Alvarez (97', Eelefmeter)

Wéi och an de leschte Saisonen schéngt géint Manchester City an der Course ëm de Championstitel kee Kraut gewuess ze sinn. De Gvardiol an de Foden hu fir kloer Verhältnisser gesuergt, soudass Arsenal um Sonndeg bei Manchester United nozéie muss. Wann d'Gunners zu Manchester net gewanne kann d'Ekipp vum Pep Guardiola sech en Dënschdeg géint Tottenham zum Champion kréinen.

Tottenham Hotspur - FC Burnley 2:1
0:1 Bruun Larsen (25'), 1:1 Porro (32'), 2:1 Van de Ven (82')

E wéineg géint de Spillverlaf huet de Bruun Larsen seng Faarwen no engem Konter a Féierung bruecht, d'Äntwert duerch de Porro huet awer net laang op sech waarde gelooss. An deenen zweete 45 Minutten hunn d'Spurs dunn op den decisive Gol gedréckt, dee schlussendlech duerch de Van de Ven gefall ass. No Sheffield United steet Burnley domat als zweeten Ofsteiger fest, an och Luton Town huet no der Defaite géint West Ham just nach theoretesch Chancen op de Klassenerhalt.

Nottingham Forest - FC Chelsea 2:3
0:1 Mudryk (8'), 1:1 Boly (16'), 2:1 Hudson-Odoi (74'), 2:2 Sterling (80'), 2:3 Jackson (82')

Serie A

SSC Neapel - FC Bologna 0:2
0:1 Ndoye (9'), 0:2 Posch (12')

Zwee fréi Goler vun der Iwwerraschungsekipp aus Bologna hunn d'Partie decidéiert, well Neapel trotz enger Rei Chancen, dorënner een Eelefmeter, net méi zum Uschloss komm ass. Bologna dierft deemno an der nächster Saison Champions League spillen, Neapel riskéiert dogéint dat internationaalt Geschäft komplett ze verpassen.

AC Mailand - Cagliari Calcio 5:1
1:0 Bennacer, 2:0 Pulisic, 2:1 Nandez (63'), 3:1 Reijnders (74'), 4:1 Leao (83'), 5:1 Pulisic (87')

No enger ganzer Rei enttäuschende Matcher vun der Lokalekipp, déi zanter méi wéi engem Mount net méi gewonnen hat, gouf et géint Cagliari ee Befreiungsschlag. Mailand séchert sech domat déi zweet Plaz an der Tabell, wärend Cagliari nees an den Ofstigskampf kéint eragezu ginn.

La Liga

FC Granada - Real Madrid 0:4
0:1 Garcia (38'), 0:2 Güler (45+2'), 0:3 Diaz (49'), 0:4 Diaz (58')

Am Duell tëscht engem sécheren Ofsteiger an dem Champion ass et net méi ëm vill gaangen, ma d'Madrilenen hunn d'Partie awer vun Ufank un dominéiert a sinn duerch de Garcia a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus huet de Güler scho fir d'Virentscheedung gesuergt. Den Diaz huet och no der Paus keng Zweiwel méi opkomme gelooss, soudass déi "Kinneklech" sech ouni Problemer mat 4:0 duerchsetzen.

Athletic Bilbao - CA Osasuna 2:2
0:1 Raul Garcia (40'), 0:2 Ruben Garcia (47'), 1:2 Iñaki Williams (58'), 2:2 Villalibre (90+6')

Athletic Bilbao konnt zwar no engem 0:2-Réckstand nach spéit ee Punkt mathuelen, ma d'Qualifikatioun fir d'Champions League dierft elo net méi ze maache sinn. Um Sonndeg kann den Tabellevéierten Atlético Madrid op 8 Punkten dovun zéien, dat bei just nach 3 Spilldeeg.