Um Samschdeg den Owend war an der Stad déi 17. Editioun vum ING Nuetsmarathon.

D'Victoire beim Marathon konnt sech de Richard Ruto Marakwen sécheren, deen als ee vun de Favoritten un den Depart gaange war. De Kenianer ass déi gutt 42 Kilometer an zwou Stonnen, 23 Minutten a 4 Sekonne gelaf a war domat ronn 10 Minutte méi séier wéi den Zweetplacéierten Leendert Van Der Lugt (+10:25).

De Luc Scheller um Mikro vum Jana Peters

Op déi drëtte Plaz huet et de Luc Scheller gepackt, deen domadder wéi schonn zejoert beschte Lëtzebuerger ginn ass. Hien ass no zwou Stonnen, 36 Minutten an 28 Sekonnen iwwer d'Zillinn gelaf a konnt seng Zäit aus dem leschte Joer nach eemol verbesseren.

Bei den Damme konnt d'Irine Jeruto sech no 2 Stonnen, 43 Minutten an 49 Sekonnen iwwert ee Succès freeën. D'Kenianerin war eng knapp Véierelsstonn méi séier wéi d'Pia von Kreutz aus Däitschland, déi et op déi zweete Plaz gepackt huet.

D'Karin Schank um Mikro vum Jana Peters

Och bei den Dammen ass déi bescht Lëtzebuergerin op de Podium komm. Mat enger Zäit vun 3 Stonnen, 12 Minutten an 18 Sekonnen konnt d'Karin Schank sech als 3. klasséieren.

Jenny Gloden wënnt Semi-Marathon

Beim Semi-Marathon gouf et bei den Dammen eng Victoire vun der Lëtzebuergerin Jenny Gloden. Si huet sech bannent enger Stonn, 23 Minutten a 44 Sekonnen duerchgesat.

D'Jenny Gloden um Mikro vum Jana Peters

Op d'Plazen 2 an 3 hunn et d'Lëtzebuergerin Anne Reiser (+3:04) an d'Fransousin Camille Bucciarelli (+3:07) gepackt.

Bei den Häre geet d'Victoire am Semi-Marathon un de Michiel Van Der Bauwhede aus der Belsch, dat mat enger Zäit vun enger Stonn, 13 Minutten a 17 Sekonnen. Hien huet sech virum US-Amerikaner Quinn Ballbach (+1:34) a sengem Landsmann Charles Van Hess (+2:15) behaapt. Hei war de beschte Lëtzebuerger den Eric Gonderinger, dat als 5. a mat engem Retard vun 3 Minutten an 22 Sekonnen op de Vainqueur.

De Chef vun der Organisatioun vum ING-Marathon Erich François am Interview
Hien huet e positive Bilan vun dëser Editioun gezunn an d'Zil ass et, fir laangfristeg op 20.000 Participanten ze kommen.

Weider Impressioune vum Nuetsmarathon