E Samschdeg war den Optakt vun der SEAT League, dem Interclub-Championnat am nationalen Tennis bei den Dammen an den Hären.

Hei konnt ënner anerem den Titelverdeedeger Tennis Spora seng béid Matcher fir sech entscheeden, dëst bei den Damme géint Stengefort a bei den Häre géint Esch.

Weider Victoirë goufen et um 1. Spilldag bei den Damme fir Gréiwemaacher géint Bouneweg a Jonglënster géint Houwald. Donieft huet Péiteng sech misse géint Arquebusiers geschloe ginn.

Bei den Häre hat den Houwald zum Optakt keng Problemer géint Cap on Line gewannen, Péiteng huet Conter geklappt an Arquebusiers huet sech géint Schëffleng duerchgesat.

Bei den Häre läit den Houwald un der Spëtzt, bei den Dammen huet den Tennis Spora sech d'Tabelleféierung geséchert.

Am offizielle Schreiwes vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun fannt Dir de komplette Spillplang.

LINK: Resultater an Tabell vun den Hären.

LINK: Resultater an Tabell vun den Dammen.