De fréieren Trainer vun der däitscher Nationalekipp iwwerhëlt d'Nofolleg vum Xavi als Trainer vum FC Barcelona.

Den 59 Joer ale Flick ënnerschreift bei de Katalanen e Kontrakt bis 2026. Hie war bis September 2023 däitsche Bundestrainer. Do virdru war hien tëscht 2019 an 2021 beim FC Bayern München a konnt do 7 Titele sammelen.

De Xavi wollt eigentlech beim FC Barcelona goen, huet sech duerno awer decidéiert gehat bleiwen ze wëllen. Um Enn huet dunn awer de Veräin decidéiert, sech vun der Barcelona-Legend ze trennen.

Mam Hansi Flick kënnt elo schonn de 5. Trainer zanter 2020 bei den FC Barcelona.

Den Drock dierft net geréng sinn, well an der Saison 2023/24 ass Barcelona wäit hannert den Erwaardunge bliwwen, a konnt keen Titel gewannen. An der Liga war et um Enn Plaz 2, 10 Punkten hannert dem Rival Real Madrid, an der Champions League ass ee géint de PSG an der Véierelsfinall erausgeflunn.