Am Kader vun der Golden a Silver League an der Coque hunn d'FLVB an RTL dervu profitéiert, fir hiren Accord ronderëm d'Live Arena ëm 3 Joer ze verlängeren.

RTL wäert och an den nächsten 3 Saisonen all Match vun der d'Dammen- an Hären-Nationaldivisioun live iwwerdroen. D'Streamingkameraen, déi an den Sportshalen dës Biller ophuelen, si mat der neister KI-Technologie equipéiert an erméiglechen et der Volleyball-Communautéit, all déi flott Momenter vun der ieweschter Divisioun ze erliewen.