Hueschtert steigt no 3:1-Victoire an d'BGL Ligue op
E Freideg gouf de Barragematch tëscht Käerjeng an Hueschtert gespillt. Hei gouf et eng 3:1-Victoire fir d'Hueschterter, déi an d'BGL Ligue opsteigen.
Nodeems en Donneschdegowend déi éischt Decisioun tëscht dem FC Luerenzweiler an dem FC Luxembourg City an de Barragematcher gefall ass, sollt e Freideg schonns déi zweet falen.
An engem chancenaarmen a spilleresch schwaache Match konnte sech d'Hueschterter mat 3:1 géint déi Käerjenger duerchsetzen an domadder an d'BGL Ligue opsteigen. Den FC Hueschtert bleift och am siwente Barragematch an der Veräinsgeschicht ongeschloen, wougéint den UN Käerjeng d'nächst Saison an der Éierepromotioun spillt.
UN Käerjeng - US Hostert 1:3
1:0 Thiel (48'), 1:1 Amehi (59'), 1:2 M'Barki (99'), 1:3 Muric (111')
D'Spectateure kruten eng chancenaarm éischt Hallschent ze gesinn, an där keng vu béide Formatiounen alles op eng Kaart gesat huet. Esou huet et bis an déi 24. Minutt gedauert, ier datt eng Ekipp geféierlech virum géigneresche Gol opdauche konnt: Et war de Mura, deen op Käerjenger Säiten no engem Corner e Schoss a Richtung Gol lassloosse konnt, deen awer vum Wolf am Hueschterter Gol paréiert gouf. Am grousse Ganze war den UNK déi méi geféierlech Ekipp, ouni awer zwéngend Chancen ze hunn. De Käerjegner ass et awer, am Géigesaz zu den Hueschterter, gelongen, fir de Géigner net iwwert d'Mëttellinn ze loossen an doriwwer eraus, fir e puer offensiv Akzenter ze setzen, esou wéi beim Schoss vum Corral an der 34. Minutt. Um Enn sollt et awer beim Stand vun 0:0 op den Téi goen.
No der Paus kruten d'Spectateuren en anere Match ze gesinn a béid Formatiounen haten an den éischte Minutte gutt Chancë fir e Gol ze markéieren. D'Occasioun vum UNK war dobäi dann awer och direkt dobannen: Den Thiel krut an der 48. Minutt de Ball zentral zougespillt an huet aus gutt 16 Meter ofgezunn. Säi wuchtege Schoss war onhaltbar fir de Wolf, soudatt et 1:0 fir déi Käerjenger stoung. An der 59. Minutt konnt den Amehi allerdéngs fir déi Gréng/Wäiss no enger schéiner Kombinatioun egaliséieren an de Match war nees voll lancéiert. Am weidere Verlaf hate béid Formatioune wuel nach déi eng oder aner Golchance, mä keng sollt de Wee an de Gol fannen, soudatt et an d'Verlängerung gaangen ass.
An dëser hat den UNK an der 98. Minutt duerch den Thiel eng gutt Occasioun fir den 2:1 markéieren. Dëse sollt allerdéngs am Géigenzuch an der 99. Minutt op der anerer Säit duerch den M'Barki falen, dee vun engem grave Feeler vum Käerjenger Golkipp Scheidweiler profitéieren an Hueschtert a Féierung brénge konnt. No dësem Géigegol ass et de Käerjenger schwéier gefall, fir sech gutt Chancen ze kreéieren, soudatt déi Hueschterter Defense seelen ënner Drock stoung.
Um Enn huet Hueschtert duerch de Muric nach den 3:1 markéiert, soudatt d'Männer aus dem Gréngewald de Match an der Verlängerung mat 3:1 gewanne kënnen an domadder opsteigen souwéi d'Männer aus der Brauereisstad an déi zweet Liga schéissen.