Maxime Chanot an LA gutt an der Course

© pressphoto (Archiv)
De Lars Gerson koum bei der Victoire vu Kongsvinger net zum Asaz. Den Enes Mahmutovic huet wéinst enger Spär mussen aussetzen.
An der Nuecht op e Sonndeg huet Los Angeles FC mam Maxime Chanot dräi weider Punkte kritt. Am Heemmatch géint géint den FC Dallas gouf et eng 1:0-Victoire fir d'Kalifornier. De Chanot stoung wärend den 90 Minutten um Terrain a krut an der 37. Minutt eng Giel Kaart gewisen. Den decisive Gol fir LA huet Bouanga an der 74. Minutt geschoss. D'Ekipp vum Chanot läit no 16 Spilldeeg an der Western Conference op der zweeter Plaz.
Samschdeg
De Lars Gerson stoung bei der 3:1-Victoire vu Kongsvinger géint Bryne FK um Samschdeg am Kader, souz awer de ganze Match op der Bänk. No 11 Spilldeeg steet Kongsvinger an der Tabell vun der 2. norwegescher Liga op der 1. Plaz.
Freideg
Um Freideg huet ZSKA Sofia a Bulgarie mat 0:2 géint ZSKA 1948 Sofia verluer an domadder de Sprong an d'Conference-League-Qualifikatioun verpasst. Den Enes Mahmutovic war wéinst enger gieler Kaart gespaart an huet net gespillt.
Am Vietnam huet Hanoi 5:2 géint Khanh Hoa gewonnen. Den Tim Hall stoung dobäi net am Kader.