Lëtzebuerger séchere sech zwou Medailen a Slowenien

D'Lëtzebuerger Compound Delegatioun huet bei engem Weltranglëschten-Tournoi zu Kamnik a Slowenien zwou Medaile gewonnen.
An der Mixed-Ekipp hunn d'Lea Tonus an de Gilles Seywert beim Veronica's Cup Gold gewonnen. Fir de Gilles Seywert ass et nach eng zweete Kéier op de Podium gaangen. Hie kann sech zesumme mam Ben Moes an dem Arnaud Hocevar d'Bronzemedail an der Ekippekompetitioun bei den Häre kropen, an dat mat engem neien nationale Rekord (233/240).
D'Kenza Pop ass mat hire 16 Joer bei de Seniorinnen ugetrueden an ass op déi gutt 9. Plaz komm, genee ewéi d'Stefania Merlin, dem Lea Tonus (6. Plaz) seng Mamm. Bei den Hären ass de Gilles Seywert den 9ten, de Ben Moes den 17ten an den Arnaud Hocevar den 33te ginn.
Am Recurve erreecht de Pit Klein eng gutt 17. Plaz an de Jerome Ansel gëtt de 57ten.
Mariya Shkolna hat de Veronica's Cup ausgelooss an trëfft d'Delegatioun beim nächsten Tournoi zu Porec.