D'Rout Däiwelen hunn de Match wärend 90 Minutten diktéiert a Lëtzebuerg keng Chance gelooss, fir geféierlech virun de belsche Gol ze kommen.

D'Generalprouf fir d'Belsch fir d'Europameeschterschaft an Däitschland ass gegléckt. Am Stade Roi Baudouin stoung et no 90 Minutten 3:0 fir d'Heemekipp géint d'Nopere vu Lëtzebuerg.

Belsch - Lëtzebuerg 3:0

1:0 Lukaku (42'), 2:0 Lukaku (57'), 3:0 Trossard (81')

Am Stade Roi Baudouin stoung et no 90 Minutten 3:0 fir d'Heemekipp géint d'Nopere vu Lëtzebuerg.

D'Belsch huet vun Ufank u vill Drock op de Lëtzebuerger Gol ausgeüübt. Schonn an der 2. Minutt haten déi Rout Däiwelen déi éischt geféierlech Aktioun. An der 7. Minutt hat de Lukaku déi bescht Méiglechkeet um Fouss, mee de Ball ass un d'Baussennetz gaangen. D'Rout Léiwe waren de Gros vun der Zäit mat Verteidege beschäftegt, konnte sech awer heiansdo, wann och just kuerz, hannen erausspillen a fir Entlaaschtung suergen.

Tëschent der 20. a 25. Minutt hunn d'Belsch eng kleng Paus ageluecht, sinn duerno awer nees ugerannt a koumen e puermol virun de Gol vum Anthony Moris, mee ouni den néidege Succès. D'Lëtzebuerger Defense sollt bis zur 42. Minutt standhalen, éier d'Belsch no engem Foul um Lukaku am 16-Meter-Raum en Eelefmeter zougesprach krut. De Gefoulte selwer huet de Ball dunn zum 1:0 eragesat. Mat dësem Resultat ass et dunn och an d'Kabinne gaangen. Bescht a geféierlechst Acteuren an den éischte 45 Minutte waren de Romelu Lukaku an de Kevin de Bruyne.

An der 57. Minutt ass den zweete Gol fir d'Belsch gefall. Den Doku hat sech op der lénker Säit géint den Dzogovic duerchgesat an de Ball flaach an de 5-Meter-Raum ginn, wou de Lukaku fir d'zweet eragesat huet.

Och d'Minutten duerno haten d'Rout Léiwe Krämpes, de Ball aus der eegener Hallschent ze kréien. D'Belsch hu gedréckt, mee bis op eng honnertprozenteg Golchance koum net vill dobäi eraus. Obwuel d'Lëtzebuerger midd gewierkt hunn, huet den Nationaltrainer Luc Holtz net gewiesselt. An der 81. Minutt huet den Trossard eng schéi Virlag vum Faes am Strofraum aus Loft erofgepléckt an zum 3:0 eragesat.

Viru knapp 35.000 Spectateuren am Stade Roi Baudouin haten d'Lëtzebuerger wärend 90 Minutten net ee Schoss op de géigneresche Gol. En Distanzschoss an der éischter Hallschent sollt déi eenzeg Golchance sinn, déi an der Statistik opgedaucht ass. U Kampfgeescht huet et de Roude Léiwen awer net gefeelt.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger Spiller nom Match
Den Anthony Moris, de Chris Philips an de Laurent Jans stounge virum Mikro.