Wie kennt dës Fraen?An der Avenue de la Liberté goufe Sue mat enger geklauter Bankkaart opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no zwou Fraen, déi Sue mat enger geklauter Bankkaart sollen opgehuewen hunn.
D'Police sicht no zwou Fraen, déi Sue mat enger geklauter Bankkaart sollen opgehuewen hunn.
© Police Luxembourg

D'Faite ginn op den 8. Januar 2025 zeréck. Deen Dag gouf ëm 15:25 Auer un engem Geldautomat an der Avenue de la Liberté an der Stad Sue mat enger Bankkaart opgehuewen, déi virdru geklaut gi war.

An dësem Kontext sicht d'Police elo no deenen zwou Fraen an de Fotoen. Wien Hiweiser zu de gesichte Fraen och soss Informatiounen zum Virfall ka ginn, ass gebieden, sech bei der Police vum Réiserbann ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 611000 oder per E-Mail u Police.reiserbann@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO