Fir de Grand Prix hate sech 55 Reider aus ville Länner a Kontinenter ugemellt.

Trotz dem grousse Feld, huet et laang dono ausgesinn, wéi wa kee Sprénger et géif fäerdeg bréngen, fir de Parcours ouni Feeler hannert sech ze bréngen. Bis d’Charlotte Bettendorf fir Lëtzebuerg kee Feeler gemaach huet an domat direkt am Stieche war. Mat um Parcours waren och nach de Basile Bettendorf, de Christian Weyer an d’Odile Gierech, déi alleguerten awer op d'mannst eng Staang erofgeheit hunn.

An de Victor Bettendorf, deen dëst Joer schonn e puer international Concourse gewonnen huet. Och hien huet een Nulle-Feeler-Rëtt fäerdegbruecht, soudass zwee Lëtzebuerger Reider-Päerd-Koppelen am Stieche waren, dat mat nach 10 anere Reider.

Béide Lëtzebuerger ass am Stiechen awer net de perfekte Rëtt gelongen, esou datt um Enn de Spuenier Sergio Alvarez Moya um Puma sech den Titel vun de Réiser Päerdsdeeg séchere konnt.