Am Stadion vum INS um Fetschenhaff sinn dëse Weekend déi national Meeschterschaften an der Liichtathletik.

Um zweeten Dag vun den nationale Liichtathletik-Meeschterschaften waren d'Ae virun allem op d'Charline Mathias geriicht, ob sech d'Lëtzebuergerin nach fir d'Olympesch Summerspiller zu Paräis qualifizéiere konnt. D'Leeferin vum CSL ass nei Lëtzebuerger Championne iwwer 800 Meter, dat an enger Zäit vun 2:00,68. Dat ass wuel hir Beschtzäit an dëser Saison, mee iwwer der Norm fir d'Olympiad (1:59,30). Si huet nach ëmmer d'Chance, sech iwwer de World Ranking fir Paräis ze qualifizéieren; nächst Woch kënnt den Olympiaranking. Hannert der Mathias koumen d'Fanny Arendt vun der Fola an d'Carole Kill (CAEG) op de Podium.

D'Patrizia Van der Weken huet hiren Titel iwwer 100 Meter an enger Zäit vun 11,08 Sekonne verdeedegt. Si huet sech knapp géint Zoé Hobbs (11,13) an d'Camille Gaeng (12,07) duerchgesat. D'Lëtzebuergerin ass jo scho fix fir Olympia qualifizéiert.

Iwwer d'Distanz vu 5000 Meter war d'Saskia Daguenet déi Séierst ënnert véier Starterinnen. D'Leeferin vum CSL (18:43,19) hat eng däitlech Avance op déi Zweetplacéiert Toni Salomon (20:23, 69). D'Mara Havé gouf 3. an d'Jil Ney koum als Véiert an d'Zil.

Am Bommstoussen huet sech de Bob Bertemes e weideren Titel geséchert. Hien huet seng Kugel op maximal 20,66 Meter gestouss a louch domat iwwer 5 Meter virum Sven Forster. Dëse koum op maximal 15,24 Meter, wat fir de Lizenzéierte vum CSL awer Saisonbeschtleeschtung war. Drëtte gouf den Olivier Caron, fir deen 14,55 Meter perséinlech Beschtleeschtung waren.

An och am Diskusgeheien war et déi selwecht Reiefolleg op den éischten dräi Plaze wéi am Bommstoussen. De Bob Bertemes huet säin Disque op maximal 60,36 Meter geschleidert, wat eng perséinlech Beschtwäit war.  De Sven Forster koum op maximal 44,57 Meter an den Olivier Caron op maximal 40,10 Meter.

De Charel Gaspar vum CAEG ass neie Champion am Héichsprong. Hien ass iwwer maximal 2,05 Meter gesprongen, wat 8 Zentimeter méi ware wéi beim Jon Bourscheid. De Quentin Bebon gouf hei Drëtten mat 1,91 Meter.