Dëse Weekend ass den traditionelle Beachhandball vum Standard gespillt ginn.

E Samschdeg den Owend goufen d'Championstitele bei de Seniore verdeelt. Bei den Damme war d'Ekipp vum Standard déi stäerkst. Bei den Häre war et de Champion HC Bierchem, deen den Titel konnt gewannen.

De Programm gouf e Samschdegowend adaptéiert an d'Partië goufe verkierzt, fir fäerdeg ze ginn, éier et mat de schroen Donnerwiedere lassgaangen ass