Um Donneschdeg huet den Dammen-Futtballnationaltrainer Dan Santos säi Kader fir déi béid Lännermatcher an der EM-Qualifikatioun géint Estland annoncéiert.

No hirer Blessur ass d’Kimberly Dos Santos nees zeréck am Krees vun der Nationalekipp. Blesséiert feelen dogéint ënner anerem d’Andreia Machado an d’Leila Schmit. No zwee Spilldeeg steet d’Ekipp vum Nationaltrainer Dan Santos mat 3 Punkten am 3er-Grupp C5 op der zweeter Plaz.

Lass geet et den 12. Juli mam Match heiheem am Stade Emile Mayrisch zu Esch. 4 Deeg drop spillt FLF-Selektioun dann auswäerts zu Tartu an Estland.