Spuenien an der Halleffinall, Frankräich wënnt no 11m-Schéisse géint Portugal
E Freideg den Owend war op der Futtball-EM an Däitschland den Optakt vun de Véierelsfinallen.
An der éischter Véierelsfinall stounge sech Spuenien an Däitschland géintiwwer. An engem héichklassegen a ganz intensive Match huet sech Spuenien no Verlängerung mat 2:1 behaapt.
Nodeems den Olmo kuerz no der Paus d'Spuenier mat 1:0 a Féierung bruecht hat, war et de Wirtz, deen an der 89. Minutt de verdéngten 1:1 fir Däitschland geschoss huet an esou seng Ekipp an d'Verlängerung gerett huet. Och an der Verlängerung war et e ganz oppene Match tëscht béide Formatiounen. An der 119. Minutt huet de Merino du fir den decisive Gol gesuergt. Spuenien huet sech duerch den 2:1 géint Däitschland fir d'Halleffinall qualifizéiert.
An der zweeter Véierelsfinall stounge sech den Europameeschter vun 2016 an dem Weltmeeschter vun 2018 géigeniwwer. Gesicht gouf hei den Halleffinall-Géigner vu Spuenien.
Déi éischt Hallschent ass éischter onspannend mat 0:0 an d'Paus gaangen, woubäi Portugal dann awer déi e bësse méi aktiv Ekipp war. An esou méi oder wéineger onspektakulär ass et dunn och no 90 (+3) Minutten an d'Verlängerung gaangen. Fir Portugal keen onbekannt Gefill, scho géint Slowenien goung et an d'Verlängerung. An och wa Portugal dunn tatsächlech méi Golchancen hat, sollt sech de Match um Enn duerch Eelefmeterschéissen decidéieren. Am Eelefmeterschéissen haten d'Fransousen dunn dee längeren Otem a konnte sech 5:3 géint Portugal behaapten.
Spuenien - Däitschland 2:1
1:0 Olmo (52'), 1:1 Wirtz (89'), 2:1 Merino (119')
Am Match tëscht Spuenien an Däitschland war direkt vun Ufank Feier dran a Spuenien huet fir vill Tempo an der Partie gesuergt. No net emol enger Minutt haten d'Spuenier eng éischt Chance. Den Neuer am däitsche Gol konnt de Schoss vum Pedri awer halen. An der 4. Minutt du gouf et e Foul vum Kroos um Pedri. De Spuenier huet sech dobäi blesséiert an huet duerch den Olmo missen ersat ginn. Dem Spill vun de Spuenier huet de Wiessel awer keen Ofbroch gedoen. No 15 Minutten ass e Fräistouss vum Yamal nëmme knapp laanscht de Gol gaangen. D'Spuenier haten am Mëttelfeld ëmmer nees vill Plaz a sinn esou zu weidere geféierlechen Aktioune komm. An der 21. Minutt gouf et dunn eng éischt geféierlech Chance vun Däitschland. No enger Flank vum Kimmich war den Havertz am Strofraum zum Kappball komm, ma de Simon am spuenesche Gol konnt dat ronnt Lieder halen. Däitschland ass lues awer sécher besser an de Match komm an hat an der 35. Minutt eng weider Chance. E laange Ball vum Rüdiger hat fir Chaos an der spuenescher Defense gesuergt. Den Havertz ass zum Schoss komm, ma mat sengem schwaache rietse Fouss huet hien de Ball net optimal getraff. Direkt ass et nees an déi aner Richtung gaangen an hei huet den Neuer mat engem staarke Reflex den 1:0 duerch de Williams verhënnert. De Gol hätt wéinst Abseits awer net gezielt. Mam 0:0 ass et an d'Paus gaangen.
Wéi an der éischter Hallschent huet et net laang gedauert,bis d'Spuenier eng éischte Kéier geféierlech gi sinn. No enger Pass vum Yamal op de Morata huet de Stiermer am Fënnefmeterraum aus der Dréiung eraus ofgezunn, de Ball ass knapp iwwert de Gol gaangen. An der 52. Minutt huet et dunn awer am däitsche Gol gerabbelt. De Morata hat de Ball am Mëttelfeld no riets op de Yamal weidergeleet, dësen hat vill Plaz a konnt dat ronnt Lieder ongestéiert an den Zentrum spillen. Do huet den Olmo net laang gezéckt an dem Neuer mat engem flaache Schoss an de lénken Eck keng Chance gelooss. Nom Réckstand huet den däitschen Nationaltrainer Nagelsmann direkt reagéiert an de Füllkrug fir de Gündogan bruecht. Dëse Wiessel huet Wierkung am Spill no vir gewisen an déi däitsch Nationalekipp huet sech am spuenesche Strofraum festgespillt. An der 70. Minutt war et eng geféierlech Chance vun Havertz. An der 77. Minutt huet de Potto den Ausgläich vun Däitschland duerch de Füllkrug verhënnert. An der 82. Minutt huet den Havertz et mat engem Lop iwwer de Simon, deen ze wäit erauskomm war, probéiert, ma säi Schoss ass iwwert de Gol gaangen. An der 89. Minutt ass dunn awer de verdéngten Ausgläich gefall. De Wirtz huet den 1:1 markéiert an Däitschland domadder an d'Verlängerung bruecht.
Och an der Verlängerung war et een oppene Match tëscht béiden Ekippen. Et ass ëmmer nees hin an hier gaangen an et gouf op béide Säite geféierlech Aktiounen. Sou zum Beispill an der 104. Minutt duerch den Oyarzabal. Säi stramme Schoss ass knapp laanscht de laangen Eck gaangen. Sekonne méi spéit huet op der anerer Säit de Müller de Ball knapp laanscht de Gol gesat. An der zweeter Hallschent vun der Verlängerung huet Däitschland an der 106. Minutt en Handspill vum Cucurella reklaméiert. De Musiala hat aus ronn 20 Meter ofgezunn an de Curuella un der Hand getraff. Den Arbitter huet awer weiderlafe gelooss an och de VAR huet sech net ageschalt. An der 117. Minutt gouf nach emol eng ganz geféierlech Aktioun vun der däitscher Nationalekipp, ma de Simon huet sech ganz laang gemaach an de Ball nach vun der Linn gekraazt. Duerno huet et scho quasi no Eelefmeterschéissen ausgesinn, ma de Merino huet Däitschland an der 119. Minutt kal erwëscht an den decisiven 2:1 geschoss. Wat och d'Schlussresultat sollt sinn.
Portugal - Frankräich 3:5 n.E.
Portugal a Frankräich hunn op dëser Europameeschterschaft bis dato nach net ganz iwwerzeegt, awer och nach net richteg enttäuscht. D'Ae ware virun allem op déi zwee Star-Stiermer Kylian Mbappé a Cristiano Ronaldo geriicht. Zu Hamburg hunn déi zwou Ekippen et gemittlech ugoe gelooss. Et goufen an der Ufanksphas keng grouss Golchancen. Déi bescht hat den Theo Hernandez mat engem Distanzschoss no 20 Minutten. Den Diogo Costa am portugisesche Gol konnt dëse Ball awer paréieren.
An der Suite ass och net vill méi geschitt. Et goufe vill Zweekämpf. Béid Formatiounen hunn zwar offensiv probéiert, sech Aktiounen erauszespillen, am leschten Drëttel huet et awer ëmmer nees un der néideger Prezisioun an am Ofschloss un der néideger Konsequenz gefeelt. No onspektakulären éischte 45 Minutte goufen d'Säite beim Stand vun 0:0 gewiesselt.
Béid Ekippe sinn zwar een Tick besser aus der Paus komm, mee d'Golgeleeënheete waren net wierklech geféierlech.
No ronn 10 Minutten an der zweeter Hallschent gouf et eng Schrecksekonn fir déi franséisch Supporter. De Kylian Mbappé, dee wéinst senger gebrachener Nues mat enger Mask huet misse spillen, louch no engem Coup um Buedem. No e puer Amenter huet de franséische Kapitän awer Entwarnung ginn a konnt weiderspillen.
An der 61. Minutt dunn déi bescht Chance vum Match bis dohin. No enger flotter Pass vum Joao Cancelo ass de Bruno Fernandes ganz eleng virum Mike Maignan opgetaucht, mee de franséische Golkipp konnt dem Spiller vu Manchester United säi Schoss excellent paréieren. Kuerz drop eng weider staark Reaktioun vum Golkipp vum AC Mailand. De Vitinha ass aus kuerzer Distanz hänke bliwwen. Op der anerer Säit hat de Kolo Muani eng 100-prozenteg Chance um Fouss leien. De Ruben Dias krut säi Fouss a leschter Sekonn nach dertëscht. An der 70. Minutt huet et och den Eduardo Camavinga probéiert. Aus spatzem Wénkel goung de Ball awer knapp laanscht de Gol. Lues awer sécher koum Rhythmus an de Match.
Béid Ekippen hu vun do un ëmmer nees de Wee no vir gesicht a wollten d'Decisioun nach virun der Verlängerung. 15 Minutte virum Schluss hunn dem agewiesselten Ousmane Dembélé bei sengem Distanzschoss nëmme Millimeter gefeelt. Well souwuel Portugal wéi och Frankräich et net fäerdeg kritt hunn, nach ze markéieren, goung et 0:0 an d'Verlängerung.
Well souwuel Portugal wéi och Frankräich et net fäerdeg kritt hunn, ze markéieren, goung et 0:0 an d'Verlängerung. An deenen zousätzlechen 30 Minutte ware béid Formatioune beméit, virum Gol ware si awer net zwéngend genuch. An der Paus huet de Kylian Mbappé no sengem Coup um Kapp aus der zweeter Hallschent blesséiert missen ausgewiesselt ginn. Ouni Goler goung et dunn och 0:0 an d'Eelefmeterschéissen.
Nodeems den Ousmane Dembélé, de Cristiano Ronaldo, de Youssouf Fofana an de Bernardo Silva souwéi de Jules Koundé markéiert haten, huet de Joao Felix säi Penalty un de Potto gesat. An der Suite hunn de Bradley Barcola an den Nuno Mendes hir Eelefmeter eragesat. Als Leschte war et den Theo Hernandez, deen déi franséisch Halleffinall kloer gemaach hutt. Domadder kritt et Frankräich an der éischter Halleffinall den 9. Juli mat Spuenien ze dinn.