"Déi éischte Kéier ass elo méi Erfarunge sammelen"

An eiser Serie iwwer d'Lëtzebuerger Sportler, déi bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, wëlle mir Iech de Mënsch hannert dem Sportler méi no bréngen.
- Sport: Schwammen
- Disziplin: 100 Meter Crawl
- Gebuertsdatum: 25.03.2003
- 1. Participatioun bei Olympesche Spiller
- Am Asaz zu Paräis: Virleef: 30. Plaz an 49,12 Sekonnen
De Ralph Daleiden huet sech wuel net iwwer d'Zäit fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert, ma d'FLNS huet vun enger "universaler" Qualifikatiounsplaz fir de jonke Lëtzebuerger profitéiert. Deemno geet de Ralph Daleiden zu Paräis iwwer 100 Meter Crawl un den Depart vu senger éischter Olympiad.
De Ralph Daleiden Ciuferri am Portrait

© AFP
De Ralph Daleiden schwëmmt schonns zanter hien denke kann. Als Kand ass hie schonns gären an d'Schwämm an an d'Waasser gaangen an no an no ass doraus ëmmer méi eng Passioun ginn. Well hien eben esou vill Zäit am Schwammbaseng verbréngt an och nach seng Schoul niewebäi mécht, huet hien net wierklech vill Hobbyen. Wann en dann awer emol Zäit huet, kuckt hie gäre Filmer oder spillt Playstation.
2020 ass dem jonke Schwëmmer bewosst ginn, datt hien d'Schwamme méi seriö wéilt maachen an zanter 2022 ass hien och op der Arizona University an den USA, wou hie sech nach méi op säi Sport konzentréiere kann. De Schratt an d'USA ze goen, géing hien dann och jidderengem, deen d'Méiglechkeet huet, an den USA sengem Sport nozegoen a mat de Studien ze verbannen, recommandéieren.
Bei den Olympesche Spiller dobäi ze sinn, domat geet e groussen Dram fir de Ralph Daleiden an Erfëllung. Zu Paräis wëll hien elo Erfarunge sammelen a sech dann eng weider Kéier fir Olympia qualifizéieren. 2028 zu Los Angeles wëll hien also eng zweete Kéier dobäi sinn.
Wéi bei deene meeschte Sportler beschreift och de Ralph Daleiden säi "perfekte fräien Dag" ganz calme. Ausschlofen, eppes Guddes iessen, Zäit mat der Famill an doheem verbréngen.
Wien nach méi wësse wëll iwwer dem Ralph Daleiden säi Liewen an den USA oder wie méi gewuer wëll ginn, wéi de Schwëmmer privat tickt, dee ka sech de kompletten Interview ukucken an ulauschteren.
