Jeanne Lehair verpasst knapp de Podium zu Hamburg

© Cyrille Eple
D'Kompetitioun zu Hamburg war fir d'Lëtzebuerger Triathleetin eng gutt Preparatioun op d'Olympesch Spiller zu Paräis. Si koum op déi 4. Plaz.
Den Triathlon zu Hamburg gehéiert zur World Series vum Weltverband an ass soumat eng Adress, wou sech déi Bescht mat de Beschte moossen. Dat huet och fir d'Jeanne Lehair gegollt. D'Lëtzebuergerin huet dës Kompetitioun als Virbereedung fir hir Participatioun un den Olympesche Spiller zu Paräis gesinn, nodeem si eng Rei Wochen an engem Stage zu Font-Romeu a Frankräich verbruecht hat.
Och wann et en Triathlon mat reduzéierten Distanzen war, waren déi bescht Triathleetinnen an déi norddäitsch Stad komm, fir e leschte Point virun den Olympesche Spiller ze maachen. D'Jeanne Lehair war als Zweet aus dem Waasser komm, huet duerno awer beim Vëlofuere vill Zäit verluer. An der drëtter Disziplin, dem Lafen, huet sech d'Lëtzebuergerin mat der zweetbeschter Zäit awer nees un d'Spëtzt eru geschafft, fir um Enn am Kampf ëm de Podium dobäi ze sinn.
Et sollt leider kee positiivt Enn ginn. An engem Véierkampf mam Lisa Tertsch, dem Beth Potter an dem Emma Lombardi, alleguer an den Top5 vum Weltranking gelëscht, hat d'Jeanne Lehair net dat néidegt Gléck a kënnt um Enn als Véiert esou just net op de Podium. D'Course gouf vum Cassandre Beaugrand gewonnen, d'Lisa Tertsch gouf déi Zweet, virum Beth Potter. D'Plazen 2 bis 5 si bannent 5 Sekonne iwwer d'Ligne d'arrivée gelaf.