Dat huet den englesche Futtballverband matgedeelt. De Kontrakt vum 53 Joer ale Southgate wier Enn des Jores op en Enn gaangen.

Zanter 2016 war de Gareh Southgate Nationaltrainer vun den "Three Lions". "Et ass Zäit fir e Wiessel a fir en neit Kapitel. D'Finall e Sonndeg zu Berlin géint Spuenien war mäi leschte Match als engleschen Nationaltrainer (...) Als stolzen Englänner war et d'Éier vu mengem Liewen, fir England ze spillen an England ze managen. Et huet mir alles bedeit an ech hunn alles ginn", sou de Coach an engem Communiqué.

Scho bei der leschter EM 2021 stoung hie mat England an der Finall, och do gouf et eng Néierlag - géint Italien am Eelefmeterschéissen. Ëmmer nees ass de Southgate - och wärend dësem Turnéier - wéinst senger Spillweis an d'Kritik geroden.