FLF-Damme packen de Sprong an de Playoff

Nodeems Lëtzebuerg um leschte Freideg zu Esch 1:1 géint Estland gespillt hat, hu béid Ekippe sech an Estland mat deem selwechte Resultat getrennt.
D'Rout Léiwinne waren net gutt an de Match gestart, sinn awer géint de Spillverlaf duerch d'Amy Thompson a Féierung gaangen. An der Suite huet d'Ekipp vum Dan Santos de Virsprong geréiert an de Géigner vum eegene Gol ewech gehalen.
No der Paus ass direkt den Ausgläich fir d'Heemekipp gefall. Et war méi Tempo an der Partie a béid Ekippen hu probéiert, d'Victoire sichen ze goen. An der Schlussphas konnten d'Rout Léiwinnen den Drock nach emol erhéijen, e Gol sollt awer net méi falen.
D'FLF-Damme schléissen den EM-Qualifikatiounsgrupp C5 op der 2. Plaz hannert Albanien a virun Estland of. D'Lëtzebuergerinnen hunn an der Campagne 5 Punkte gesammelt.
An der Tabell vun de beschte Gruppenzweete steet Lëtzebuerg op der 1. Plaz. Domadder geet d'Qualifikatioun fir d'Rout Léiwinnen am Playoff weider.
Déi éischt Playoffronn gëtt den 23. an de 29. Oktober gespillt. D'Auslousung vum Géigner an där Ronn ass den 19. Juli.
Estland - Lëtzebuerg 1:1
0:1 Thomspon (18'), 1:1 Teern (49')
Zu Tartu an Estland sinn d'Lëtzebuergerinnen net gutt an de Match komm. An den éischten 10 Minutte war et nach roueg, mee Estland konnt sech dono gutt Chancen erausspillen. An der 11. Minutt huet d'Lucie Schlimé mat enger gudder Parad e Fräistouss vum Lisette Tammik a Corner deviéiert. Zwou Minutte méi spéit louch de Ball dunn am Lëtzebuerger Filet. No enger Flank vum Mari-Liis Lillemäe huet d'Tammik de Ball am Gol ënnerbruecht. De Gol huet wéinst Abseits awer net gezielt.
Op der anerer Säit sinn d'Rout Léiwinne mat der éischter gudder Aktioun an der 18. Minutt a Féierung gaangen. No engem Solo iwwer lénks ass d'Joana Lourenco nach un der Golkipperin hänke bliwwen, de Noschoss vum Amy Thompson ass mat e bësse Gléck eragaangen. D'Ekipp vum Dan Santos war elo besser an der Partie an huet de knappe Virsprong bis an d'Paus geréiert.
Nom Säitewiessel gouf et direkt déi kal Dusch fir Lëtzebuerg. No engem Feeler an der Relance vum Schlimé, huet d'Golkipperin hire Feeler gutt gemaach an de Schoss vum Liisa Merisalu op d'Lat gelenkt. Den Noschoss vun der agewiesselter Kristina Teern war awer dobannen. D'Gäscht si lo geschwommen an d'Annegret Kala huet an der 58. Minutt just d'Lat getraff.
D'Rout Léiwinnen hu sech an der Suite erkritt an hätte véier Minutte méi spéit nees missen a Féierung goen. D'Amy Thompson huet eleng virum Gol awer ze héich geziilt. Et ass hin an hier gaangen a béid Ekippen hu sech am Spill no vir Chancë kreéiert. An der 78. Minutt ass d'Lourenco no engem flotte Solo un der géignerescher Golkipperin hänke bliwwen. Lëtzebuerg huet an der Schlussphas nach emol alles probéiert, e weidere Gol sollt awer net falen. Um Enn gouf et en 1:1-Remis tëscht Estland a Lëtzebuerg.