D'Vollversammlung vum IOC huet e Mëttwoch d'Olympesch Wanterspiller 2030 u Frankräich ginn.

Allerdéngs muss déi franséisch Regierung heifir finanziell Konditiounen erfëllen. Wéi et vum President vum Internationalen Olympesche Kommitee Thomas Bach heescht, géif den endgültege Vertrag fir d'Organisatioun vun de Wanterspiller eréischt ënnerschriwwe ginn, wann den IOC bis zu engem bestëmmten Datum Beweiser dofir virgeluecht kritt, datt Frankräich déi finanziell Konditioune fir d'Ausriichtung vun de Spiller erfëllt. Weider Kandidaten nieft Frankräich gouf et keng.

Déi Olympesch Wanterspiller goufe bis ewell véiermol bei eisen Noperen ofgehalen.