De Video-Analyst gouf vun engem Geriicht zu Saint-Etienne verurteelt a vum kanadeschen Olympia-Kommitee zesumme mat der Assistenztrainerin suspendéiert.

Zwee Mol soll de Mann den Training vun den neiséilänneschen Damme mat enger Dron ausspionéiert hunn. Hie gouf vun de franséischen Autoritéiten zu Saint-Etienne festgeholl an nach en Donneschdeg kuerz virum Upaff vum Match tëschent béide Futtballekippe verurteelt. Zesumme mat der Assistenztrainerin muss hien ausserdeem d'Olympesch Spiller verloossen. Wéi et weider heescht, war de Betreier ausserdeem net akkreditéiert.

D'Trainerin vun der kanadescher Dammefuttballnationalekipp Bev Priestmann huet iwwerdeems annoncéiert, beim Match en Donneschdeg um 17 Auer net un der Säitelinn ze stoen an huet sech bei den Neiséilännerinnen an och hirer eegener Ekipp entschëllegt. "Dat representéiert net d'Wäerter, fir déi eis Ekipp steet (...) Ech si letztendlech responsabel fir d'Verhale bei eis", esou d'Priestmann weider.

Den neiséilännesche Futtballverband huet annoncéiert, de Virfall der FIFA ze mellen.